Um Freideg am Nomëtteg ass e klengen Asaz vum CGDIS op der Tankstell op der Escher Autobunn amgaang.

Op der Aire vu Steebrécken Richtung Esch iwwerpréiwen d'Pompjeeën ewéi et heescht eng suspekt Substanz respektiv e suspekte Pak.
 
D’Tankstellen an d’Autobunn sinn awer op. Et ass e bësse Stau wéinst Beruffstrafic an eventuell Chauffeuren, déi bremsen, well se blo Luuchte gesinn.