Feier zu Péiteng - 1 Persoun konnt gerett ginn

© Pompjeeë Péiteng
En Dënschdeg kuerz no 16 Auer waren d'Péitenger Pompjeeë wéinst engem Kamäinbrand an d'rue des Alliés geruff ginn. Eng Persoun konnt gerett ginn.
Wéi d'Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn, hu se den Awunner vun dem Eefamilljenhaus net konnten untreffen. D'Noperen haten d'Feier gemellt. Mat schwéierem Otemschutz sinn d'Pompjeeën an d'Haus gaangen, wat voller Damp war. An der Kiche gouf dunn eng Persoun fonnt. Si gouf un d'frësch Loft bruecht wou den Dokter sech direkt ëm se gekëmmert huet, éier se an d'Spidol gefouert gouf.
D'Feier, wat an der Kichen ausgebrach war, konnt séier geläscht ginn. Duerno gouf d'Haus nach gutt duerchlëft.
Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Péiteng mat 5 Gefierer a 16 Mann, d'Ambulanz vu Péiteng, de Samu vun Esch grad wéi d'Police vu Péiteng.