Recours vu Jeeërfederatioun géint de Staat zeréckgewisen
 
                    D'Federation St Hubert des Chasseurs hat géint e groussherzoglecht Reglement vum Mäerz zejoert geklot, dat et ë.a. verbueden hat, fir Fiiss ze schéissen.
D'Verwaltungsgeriicht huet e Méindeg de Recours vun der Jeeërfederatioun géint de Staat awer zeréckgewisen. 
An der Sëtzung, Ufank Februar, um Tribunal administratif hat den Affekot vun der Jeeërfederatioun gemengt, eng Schounzäit fir de Fuuss wär net sënnvoll. Dogéint hat d'Vertriederin vum Staat argumentéiert, d'Schéisse vum Fuuss wär de falsche Wee.
Am Uerteel heescht et ë.a., dass sech an der Sëtzung zwou verschidden Theorië géintiwwer gestanen hätten. Et wär awer net un de Riichtere gewiescht, fir sech hannert déi eng oder déi aner ze stellen, mä fir ze kucken, ob d'Jeeërfederatioun hätt kënne beweisen, dass d'Regierung e manifesten Appreciatiounsfeeler gemaach hätt, andeems se d'Fuussejuegd e ganzt Joer verbueden hat. Dee Beweis wär awer net bruecht ginn. Villméi wär an där Zäit, an där d'Juegd op de Fuuss erlaabt war, deem seng Zuel permanent erop- an d'Zuel vu geschossene Fiiss erofgaangen. Eleng déi Feststellung géif schéngen duergoen, fir dem Argument vun der Jeeërfederatioun ze widderspriechen, dass just d'Fuussejuegd d'Populatioun méi kleng maache kéint. Och hätt de Staat credibel beleeë kënnen, dass d'Juegd op de Fuuss d'Verbreede vum Fuussebandwuerm a vun der Tollwut net verhënnert hätt. Deemno bräicht een aner Moyenen, fir dës zwou Krankheeten ze bekämpfen. Well d'Fuussejuegd och nëmme fir ee Joer gegollt hätt, kéint d'Regierung hir Politik vu Joer zu Joer änneren, sollt sech erausstellen, dass dës Mesure net déi gewënschte Resultater brénge géif. Um Enn vum Uerteel heescht et dofir, de Recours wär komplett zeréckzeweisen, well en net fondéiert wär.
An der Sëtzung viru ronn 4 Méint hat den Affekot vun der Jeeërfederatioun gemengt, d'Juegd op de Fuuss géif et zouloossen, fir seng Populatioun ze regulariséieren. Dogéint hat d'Vertriederin vum Staat erkläert, et wär falsch, fir d'Bevëlkerung mat der Fuussejuegd virum Fuussebandwuerm wëllen ze schützen. Hei kéint nëmmen eng Impfung hëllefen. Wann d'Schéissen nämlech d'Léisung vu Krankheete wär, dann hätt et d'Tollwut ni däerfe ginn.
 
                     
                     
                     
                    