En Donneschdegnomëtteg huet d'Police op verschiddene Plazen am Norde vum Land Verkéierskontrolle gemaach.

Géint 15.30 Auer gouf op der N12 zu Wëntger kontrolléiert. De Fokus louch hei op de Pabeieren. Et goufe fënnef Avertissements taxés geschriwwen, well d'Pabeiere vun de Gefierer net an der Rei waren. Iwwerdeems goufen dräi Fuerer verwarnt, well d'Luuchte vun hirem Gefier net an der Rei waren an zwee hate kee Sécherheetsgurt un. Ee weidere Chauffer hat kee Warn-Gilet dobäi.

Géint 17 Auer war dann eng Kontroll op der Kräizung tëscht der Haaptstrooss an dem Wämperwee zu Wilwerdang. Hei gouf ënner anerem drop opgepasst, ob d'Chauffere sech un d'Stoppschëld halen, dat hei steet. Ausserdeem gouf kontrolléiert, ob sech un den Zirkulatiounsverbuet um Feldwee tëscht dem CR336 an der N12 gehale gëtt.

Fënnef Chauffere kruten e Protekoll, well si duerch de Stopp gefuer sinn a géint zwee gouf en Avertissement taxé geschriwwen, well hir Pabeieren net an der Rei waren. Néng Chauffere kruten dann en Avertissement taxé, well si um Feldwee ënnerwee waren.

Géint 18 Auer gouf dann an der Gruus-Strooss an an der Beelerstrooss zu Wäiswampech kontrolléiert. Hei goufe Mängel un der Beliichtung vun engem Gefier festgestallt. Ee Chauffer krut en Avertissement taxé, well d'Siicht duerch de Pare-brise net gutt genuch war. Ee Chauffer hat kee Gurt un an dräi kruten en Avertissement taxé, well si ze séier ënnerwee waren.