D'Chamber huet sech en Donneschdeg mam Thema Glécksspill beschäftegt.

Den Dan Biancalana vun der LSAP wollt an enger Interpellatioun ënnert anerem wëssen, wat d'Regierung géint interaktiv Bornë maache wëllt, déi a Caféë stinn an un deenen ee spille kann. Hien huet och gefrot, wéi et mam legale Kader fir Online-Glécksspill a Sportswetten am Internet ausgesäit an och ugereegt, d'Preventioun géint d'Glécksspillsucht auszebauen.

D'Justizministesch Elisabeth Margue huet geäntwert, datt am Moment un enger Reform geschafft gëtt. Et géing dorëm goen, ee legale Monopol vun der Loterie Nationale an dem Casino ze schafen. An Zukunft sollen a Caféen dowéinst dann och just nach Automate vun der Loterie Nationale erlaabt sinn, all aner Form vun Automaten, och déi, wou et ëm Geschécklechkeetsspiller geet, wieren da verbueden. Wat den Onlineberäich ugeet, huet d'Ministesch d'Méiglechkeet an d'Spill bruecht, datt de Casino eng Lizenz kréie kéint. Ma do géing et awer nach eng Partie inconnue ginn:

"Déi europäesch Jurisprudenz seet: 'ok, dir kënnt esou ee Monopol ginn, mee da musst der är Populatioun och effektiv schützen.' An dat bréngt da Froe mat sech vu Geoblockage, all déi Froe si mer amgaangen, intern ze klären an och mat den Acteuren, fir ze kucken: wat kéint ee maachen, wat muss ee maachen a wéi wäit misst een eigentlech goen, wann een op deen dote Wee géing goen? Dat alles si komplex Froen, déi nach wäitreechend an der Diskussioun sinn."

Elisabeth Margue: Et soll e legale Monopol fir d'Glécksspill entstoen

Mat Bléck op d'Preventioun huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez erkläert, datt de Staat eng Konventioun mam Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht, kuerz ZEV, huet. Do hätt ee festgestallt, datt sech d'Zuel vu Leit, déi sech wéinst Problemer mat Glécksspill mellen, tëscht 2020 an 2024 quasi verdräifacht hätt, an zwar op 100, déi grouss Majoritéit dovu Männer. Dowéinst hätt een de Budget vum ZEV och vun 220.000 am Joer 2020 op 560.000 Euro dëst Joer an d'Luucht gesat.