D'Police huet d'Livreuren um Vëlo am Garer Quartier kontrolléiert
 
                    © Police
Wéi d'Police matdeelt, goufen an Zesummenaarbecht mat der ITM d'Livreuren, déi um Vëlo ënnerwee sinn, méi genee ënnert d'Lupp geholl.
Kontrolléiert gouf am Garer Quartier. Dobäi gouf gekuckt, ob d'Aarbechtsrecht, de Code de la route an d'Immigratiounsgesetz agehale goufen.
E puer Leit hate sech dann effektiv net un d'Reegele gehalen. Eng Persoun koum an de Centre de rétention, well si sech illegal am Grand-Duché opgehalen huet. Ee Scooter gouf saiséiert, well de Chauffer keng valabel Assurance dofir hat an ee Chauffer huet säin E-Bike wéinst technesche Mängel misse stoe loossen.
Bei der Kontroll waren am Ganzen 20 Beamte vu verschiddenen Unitéite bedeelegt.
 
                    © Police
 
                     
                     
                     
                    