E Schüler vun der Ofschlossklass vun der International School zu Déifferdeng ass bei engem Autosaccident a Frankräich gestuerwen.

Dat huet den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch en Donneschdegowend op Nofro géigeniwwer RTL confirméiert. Den 19 Joer ale Schüler wier ganz engagéiert a beléift an der Schoul-Communautéit gewiescht. Seng Matschüler hätten nom Accident eng psychologesch Betreiung ugebuede kritt.

De Républicain Lorrain hat en Donneschdeg am Nomëtteg en déidlechen Accident op der RD16b tëscht Russange a Rédange gemellt, bei deem en 19 Joer ale Chauffer nach op der Plaz ëm d'Liewe komm wier. De Buergermeeschter vu Rédange, den Daniel Cimarelli war nom Accident op der Plaz. Wéi hie géigeniwwer de Kolleege vun RTL infos erkläert huet, hätt de Won e Potto ze pake krit: "L'accident s'est produit sur une ligne droite. Le véhicule a percuté un poteau électrique"

Zu Lëtzebuerg hat den Essentiel d'Noriicht vum Accident als éischt gemellt.