Gemeng huet Baugeneemegung fir Hingerställ zréckgezunn

Um Verwaltungsgeriicht gouf sech e Méinde mam Verbuet, vun der Gemeng vu Recken befaasst, fir 2 Baueren eng Baugeneemegung fir Hingerställ ze ginn.
Géint d'Baue vun dëse Ställ hat sech och eng Biergerinitiativ forméiert. D'Gemeng vu Recken-op-der-Mess huet e Méinden de Moien argumentéiert, dass si näischt anescht maache kéint, wéi hiren eegene PAG ze respektéieren.
Do dogéint huet sech d'Affekotin vun engem vun de Baueren ënner anerem op den Artikel 95 vun der Verfaassung beruff, dee seet, dass d'Geriichter lokal Arrêtéen a Reglementer - an dësem Fall de PAG - nëmmen dann applizéieren, wa se konform sinn zu de Gesetzer; dat wär awer hei net de Fall. Déi geplangte Constructioune stéingen am Aklang mat de Gréngzonen, an hire Client hätt en Haff, an deem seng Verlängerung een Hingerstall kéim; an enger éischter Phas hätt de Mann och d'Autorisatioun fir en Ausbau kritt. De Buergermeeschter hätt dunn awer, op eemol, d'Gesetz vun 2004 iwwert den Naturschutz invoquéiert, sou d'Affekotin, déi och op den Artikel 11 vun der Verfaassung opmierksam gemaach huet, dee seet, Zitat: „La liberté du commerce et de l’industrie, l’exercice de la profession libérale et du travail agricole sont garantis, sauf les restrictions à établir par la loi.“ Well awer keng Gesetzrestrictioun virléich, sollt d'Décisioun vun der Gemeng annuléiert ginn.
Den Affekot vun der Gemeng huet doropshi vun net fondéierten Argumenter vun der Affekotin vun engem vun de Bauere geschwat. D'Gemeng misst hire Plan d'aménagement général respektéieren; am anere Fall wär si responsabel fir eng eventuell Remise en état. Zum Argument, dass d'Gemeng näischt anescht hätt kënne maachen, sot d'Affekotin vun engem vun de Baueren, dass d'Gemeng awer aner Autorisatioune ginn hätt. An dësem Fall wär et net dozou komm, well, Zitat, „Leit“ intervenéiert sinn, spréch d'Biergerinitiativ; déi hätt de Projet net gewollt, an dofir hätt d'Gemeng dës Décisioun geholl.
Mam Uerteel an dëser Affär gëtt an e puer Woche gerechent.