Luc Holtz: Ech schumme mech fir deen Desaster










































































Um Samschdeg huet Lëtzebuerg an der WM-Qualifikatioun mat 0:8 géint Schweden verluer. Am Grupp A wannen och nach Holland a Frankräich.
Schweden stoung virum Match op der zweeter Plaz am Grupp A mat 16 Punkten, domat nëmmen 1 Punkt hannert de Fransousen, déi op der éischter Plaz stinn. Dräi Punkten hannert de Schwede steet Holland, déi sech weiderhin nach Chancen ausrechnen, fir sech als Zweeten ze qualifizéieren. D'Lëtzebuerger stoungen op der 5. Plaz mat 5 Punkten.
D'Partie huet net gutt ugefaange fir d'Lëtzebuerger Formatioun. An der 9. Minutt huet de Mario Mutsch eng riskant Pass duerch d'Mëtt gespillt, déi ofgefaange gouf vun de Schweden. De Christopher Martins ass géint den Toivonen an den Zweekampf gaangen am Lëtzebuerger Strofraum an den Arbitter huet direkt op den Eelefmeterpunkt gewisen. De Granqvist huet sech där Saach ugeholl an de Joubert an de falschen Eck geschéckt. Kee gudden Optakt fir d'Rout Léiwen.
D'Lëtzebuerger konnten einfach kee Fouss faassen. an der 18. Minutt, deen nächste Réckschlag fir d'Lëtzebuerger. Den Toivonen huet de Marcus Berg am Strofraum ugespillt, deen huet sech de Ball zurecht geluecht an de Ball an de Goal geschoss.
Bei de Lëtzebuerger goufen et ze vill Feeler am Opbauspill an och d'Zouuerdnung huet net geklappt. Dovunner hunn d'Schwede profitéiert. Op een Neits gouf et eng Feelpass vum Mario Mutsch. De Marcus Berg konnt sech eleng virum Jonathan Joubert presentéieren, hie wollt de Ball iwwer de Joubert lupfen, den Diddelenger Goalkipp konnt de Ball mat engem flotte Reflex halen, ma de Ball ass nees bei de Schwed komm an am zweete Versuch kann hien de Ball erakäppen. Domat stoung et 3:0 fir Schweden.
Mat dësem kloren Avantage goufen d'Säite gewiesselt. De Jonathan Joubert konnt kuerz no der Paus mat enger super Parad ee weidere Géigegoal verhënneren.
De Gerson Rodrigues konnt an der 51. Minutt eng ganz gutt Chance verzeechnen, allerdéngs ass dem Agewiesselte säi Schoss knapp laanscht de Potto gaangen ass.
Lëtzebuerg war an der Ufanksphas vun der zweeter Hallschent ee gutt Stéck besser ewéi nach an den éischte 45 Minutten. Ma an der 54. Minutt koum nees déi kal Dusch, de Marcus Berg hat ee richteg gudden Dag, well hie konnt op een Neits de Joubert bezwéngen a säin drëtte perséinleche Goal markéieren.
Et sollt awer nach méi batter ginn. D'Schwede kruten einfach net genuch. De Larsson huet ee Fräistouss vun der rietser Säit héich op den zweete Potto bruecht, wou de Lustig genau richteg stoung a per Kapp op 5:0 erhéije konnt.
An der 66. Minutt huet den Arbitter eng zweete Kéier op den Eelefmeterpunkt gewisen, dat nodeems de Chris Philipps ee Ball vum Forsberg widder d'Hand krut. Op een Neits huet de Granqvist de Joubert an de falschen Eck geschéckt.
Nach ëmmer haten d'Schweden net genuch an och de Berg nach net. Den Augustinsson huet opgeluecht fir de Berg an dee huet et sech net huele gelooss fir och nach ee 4. Goal ze schéissen.
Den agewiesselte Krafth huet an der 76. Minutt eng flott Flank op den Toivonen geschloen, deen de Ball per Volley am Lëtzebuerger Goal ënnerbruecht huet.
Um Enn ass et eng kloer 8:0-Victoire fir Schweden.
Reaktiounen um Mikro vum Franky Hippert:
All d'Resultater vum Samschdeg:
Grupp A:
Schweden - Lëtzebuerg 8:0
1:0 Granqvist (10'), 2:0 Berg (18'); 3:0 Berg (37'); 4:0 Berg (54'); 5:0 Lustig (60'); 6:0 Granqvist (67'); 7:0 Berg (71'); 8:0 Toivonen (76')
Wäissrussland - Holland 1:3
0:1 Pröpper (24'); 1:1 Volodko (55'); 1:2 Robben (84'); 1:3 Depay (90+3')
Bulgarien - Frankräich 0:1
0:1 Matuidi (3')
Tabell vum Grupp A:
| 1 | Frankreich | 9 | 6 | 2 | 1 | 16:5 | 11 | 20 | |||||||||||
| 2 | Schweden | 9 | 6 | 1 | 2 | 26:7 | 19 | 19 | |||||||||||
| 3 | Niederlande | 9 | 5 | 1 | 3 | 19:12 | 7 | 16 | |||||||||||
| 4 | Bulgarien | 9 | 4 | 0 | 5 | 13:18 | -5 | 12 | |||||||||||
| 5 | Weißrussland | 9 | 1 | 2 | 6 | 5:19 | -14 | 5 | |||||||||||
| 6 | Luxemburg | 9 | 1 | 2 | 6 | 7:25 | -18 | 5 | |||||||||||
Grupp B:
Färöer Inselen - Lettland 0:0
Andorra - Portugal 0:2
0:1 Ronaldo (63'); 0:2 Silva (86')
Schwäiz - Ungarn 5:2
1:0 Xhaka (18'); 2:0 Frei (20'); 3:0 Zuber (43'); 4:0 Zuber (49'); 4:1 Guzmics (59'); 5:1 Lichtsteiner (83'); 5:2 Ugrai (89')
Tabell vum Grupp B:
| 1 | Schweiz | 9 | 9 | 0 | 0 | 23:5 | 18 | 27 | |||||||||||
| 2 | Portugal | 9 | 8 | 0 | 1 | 30:4 | 26 | 24 | |||||||||||
| 3 | Ungarn | 9 | 3 | 1 | 5 | 13:14 | -1 | 10 | |||||||||||
| 4 | Färöer | 9 | 2 | 3 | 4 | 4:15 | -11 | 9 | |||||||||||
| 5 | Lettland | 9 | 1 | 1 | 7 | 3:18 | -15 | 4 | |||||||||||
| 6 | Andorra | 9 | 1 | 1 | 7 | 2:19 | -17 | 4 | |||||||||||
Grupp H:
Bosnien an Herzegowina - Belsch 3:4
0:1 Meunier (4'); 1:1 Medunjanin (30'); 2:1 Visca (39'); 2:2 Batshuayi (59'); 2:3 Vertonghen (68'); 3:3 Dumic (82'); 3:4 Carrasco (84')
Gibraltar - Estland 0:6
0:1 Luts (10') ; 0:2 Kait (30') ; 0:3 Zenjov (38'); 0:4 Tamm (52'); 0:5 Tamm (66'); 0:6 Tamm (77')
Zypern - Griicheland 1:2
1:0 Sotiriou (18'); 1:1 Mitroglou (24'); 1:2 Tziolis (26')
Tabell vum Grupp H:
| 1 | Belgien | 9 | 8 | 1 | 0 | 39:6 | 33 | 25 | |||||||||||
| 2 | Griechenland | 9 | 4 | 4 | 1 | 13:6 | 7 | 16 | |||||||||||
| 3 | Bosnien-Herzegowina | 9 | 4 | 2 | 3 | 22:12 | 10 | 14 | |||||||||||
| 4 | Estland | 9 | 3 | 2 | 4 | 12:17 | -5 | 11 | |||||||||||
| 5 | Zypern | 9 | 3 | 1 | 5 | 9:14 | -5 | 10 | |||||||||||
| 6 | Gibraltar | 9 | 0 | 0 | 9 | 3:43 | -40 | 0 | |||||||||||
Hei nach eng Kéier de Liveticker fir nozeliesen
[widget type="liveticker" ticker="cat_live_070917"]
Frankreich
Schweden
Niederlande
Bulgarien
Weißrussland
Luxemburg
Schweiz
Portugal
Ungarn
Färöer
Lettland
Andorra
Belgien
Griechenland
Bosnien-Herzegowina
Estland
Zypern
Gibraltar