14 Spiller am Kader fir d'EM-Pre-Qualifikatioun
© Emile Mentz
Enn November start d'Härennationalekipp am Basket an d'Pre-Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2027.
Am Grupp A trefft Lëtzebuerg op Nordmazedonien, Irland an Aserbaidjan. Am éischte Match spillt d'FLBB-Selektioun den 27. November an der Coque um Kierchbierg géint Irland, 3 Deeg drop steet en Auswäertsmatch am Aserbaidjan um Programm.
Den Nationaltrainer Ken Diederich huet 14 Spiller fir d'Matcher nominéiert.
De Kader an der Iwwersiicht:
Carreira Kreps Malcolm (Penas Huesca, Spuenien)
Ceman Dino (Basket Esch)
David Rocha Davy (Fitosur Murgi, Spuenien)
Do Rosario Delgado Ivan (T71 Diddeleng)
Gutenkauf Philippe (Etzella Ettelbréck)
Jack Christopher (T71 Diddeleng)
Kalmes Joe (T71 Diddeleng)
Kovac Ben (Alm Evreux, Frankräich)
Laurent Alex (Amicale Steesel)
Logelin Max (Sparta Bartreng)
Oth Konan Ange (Musel Pikes)
Rugg Clancy (Basket Esch)
Verbeelen Yannick (Sparta Bartreng)
Vujakovic Oliver (Résidence Walfer)
D'Matcher am November
27. November (19:30): Lëtzebuerg - Irland
30. November (15:00): Azerbaijan - Lëtzebuerg