Nom Allersmatch huet de Lëtzebuerger Champion e Mëttwoch den Owend och de Retourmatch an den 1/32-Finalle vum Challengecup verluer.

Am europäeschen Challengecup am Härevolleyball gouf e Mëttwoch den Owend de VC Stroossen vu Budva aus dem Montenegro eliminéiert.

Virun enger gudder Woch hat sech de Lëtzebuerger Champion a Montenegro am Allersmatch gutt aus der Affär gezunn. De VC Stroossen goung zwar nom 2:3 géint Budva als Verléierer vum Terrain, mee d'Ausgangspositioun, fir eng Ronn weider ze kommen, war guer net mol esou schlecht. Braas, Gajin a Co woussten, datt d'Qualifikatioun fir d'1/16-Finalle mat enger 3:0- oder 3:1-Victoire am Retour geséchert wier. Deementspriechend fokusséiert sinn déi Giel-Schwaarz an de Match gaangen.

Stroossen huet sech am éischte Saz fréi e Virsprong vun 3 Punkten erausgepillt. Dëse konnten d'Gäscht bei 8:8 awer nees ausgläichen. Budva huet lues awer sécher d'Kontroll iwwerholl a sech hirersäits mat 14:11 ofgesat. D'Heemekipp konnt awer nach emol bei 20:20 ausgläichen an den éischte Saz duerch Service Gajin an Attack vum Sina Arab mat 25:23 gewannen. E gelongenen Optakt deemno.

Den zweete Saz war laang equilibréiert. Budva konnt eng éischte Kéier béi 12:10 en Avantage vun zwee Punkte realiséieren. De Gajin konnt bei 15:15 ausgläichen. De Stroossener sollt et awer net geléngen, fir d'Féierung ze iwwerhuelen. An den Dodic vun de Gäscht konnt ganzer 5 Mol hannerteneen op de Service, wat den 18:25 aus der Siicht vun der Heemekipp bedeit huet. 1:1 an de Sätz deemno.

Am Ufank vum drëtte Saz huet Budva sech mat Confiance presentéiert, mee Stroossen huet dogéint gehalen. Den Topalov hat e puer gutt Amenter a konnt de Lëtzebuerger Champion am Match halen. Bei 9:6 stoungen d'Luuchten nach op Gréng an de Sina Arab konnt de Virsprong bei 12:8 nach erhéijen. Déi 4 Punkte konnten d'Lëtzebuerger hale bis nees eng Kéier den Dodic bei Budva op de Service komm ass. Op eemol stoung et 16:16, Budva huet den Elan genotzt, fir sech liicht ofzesetzen, an et war nees den Dodic, dee mat engem Service den Deckel zum 25:23 fir Budva dropgemaach huet.

Elo war d'Qualifikatioun just nach iwwer de Golden Set méiglech. Stroossen hätt also missen als éischt de Match mat 3:2 gewannen an dann nach emol e Saz bis 15 Punkten. De Massimo Tarantini huet senger Stammsechs vertraut an och am véierte Saz net gewiesselt. Budva konnt iwwer 2:0 an duerno 6:2 séier en Ecart vu 4 Punkte rausspillen. Elo stoung de Lëtzebuerger Vertrieder mam Réck zur Mauer an huet misse volle Risiko goen, fir de Match nach ze dréinen. Bei 12:12 hate si de Réckstand gutt gemaach. Den Effort huet awer och vill Kraaft kascht a Budva huet de Stroossener keng Loft gelooss. Nees war et den Dodic, deen de Grondsteen geluecht huet fir eng Féierung vu Punkten (18:13). Elo war et kloer, datt de Vertrieder aus dem Montenegro ze staark fir den eenzege Lëtzebuerger Vertrieder am Volleyball Challengecup war. Budva gewënnt de véierte Saz mat 25:18 an eliminéiert de VC Stroossen.