Anouchka Besch nees am Kader, verschidde Spillerinne bei der U19 am Asaz
Den 28. November an den 1. Dezember spillt déi Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp zwee Frëndschaftsmatcher auswäerts géint Zypern.
En Donneschdeg de Moien huet den Dammen-Nationaltrainer Dan Santos säi Kader fir déi zwee Matcher annoncéiert. Géint Zypern, déi d'lescht Joer an der Liga C vun der Nations League gespillt hunn, wëll den FLF-Coach Verschiddenes ausprobéieren, fir sech beschtméiglech op déi nei Nations-League-Campagne am Mäerz d'nächst Joer ze preparéieren.
Am Oktober huet d'FLF-Formatioun an engem Frëndschaftsmatch 0:4 auswäerts an Ungarn de Kierzere gezunn. Par rapport zum leschte Rassemblement virun engem Mount ginn et e puer Changementer. Zeréck am Krees vun de Roude Léiwinne sinn d’Emma Goetz, d'Lisi Oberweis, d’Leticia Mateus, d'Andrea Machado, d'Rita Leite an d'Edina Kocan. Donieft awer och no länger Zäit nees d’Anouchka Besch. Déi 26 Joer jonk Stiermerin war laang blesséiert a kéint géint Zypern hiren 10. Lännermatch no 2021 fir d'FLF-Damme spillen.
D'nächst Woch ass donieft och déi Lëtzebuerger Dammen U19-Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun am Asaz. En Dënschdeg spillt d'FLF-Selektioun géint Albanien an 3 Deeg drop géint Liechtenstein. Den Nationaltrainer Dan Santos huet dowéinst och op d'Selektioun vum Ana Barbosa, dem Olivia Konsbrück, dem Barbara Serra, dem Anna Miny an dem Charlie Jorge verzicht. Déi 5 Spillerinne wäerte bei der U19 zum Asaz kommen.
D'Leila Schmit ass aus schoulesche Grënn net am Krees vun der Dammen A-Nationalekipp. Änlech ass et beim Diana Teles vum FC Déifferdeng 03, déi den Nationaltrainer Dan Santos u sech fir déi 1. Kéier wollt nominéieren.
E Méindeg gouf den offizielle Spillplang fir d'Nations League d'nächst Joer bekannt ginn. D'FLF-Damme kréie et am Grupp B4 mat Schottland, der Belsch an Israel ze dinn. D'Zil fir Miller, Thompson a Co. ass de Maintien. Dat dierft alles anescht wéi einfach ginn. D'Ekipp vum Dan Santos muss ënnert déi zwou bescht drëttplacéiert Ekippe kommen, fir ouni Play-Off an der Liga B vun der Nations League ze bleiwen.