Aus dem Basket ass et d'Nouvelle, dass d'Härenekipp vun de Musel Pikes en neien Trainer wäert kréien.

Wéi de Veräin an engem Communiqué matdeelt, gëtt d'Zesummenaarbecht mam Trainer Brian Carroll opgeléist, dat nodeems déi zwou Säiten des zesummen decidéiert hunn.

Et ass schonn den véierten Trainerwiessel an der Enovos League bei den Hären an der Saison 2025/26. Den AB Conter (Anthony Tomba fir de Gabor Boros), den T71 Diddeleng (Yves Defraigne fir de Christophe Ney) an d'Résidence Walfer (Rainer Kloss fir den Dragan Stipanovich) hate schonn e Wiessel op der Trainerbänk gemaach. D'Musel Pikes hunn no 9 Matcher just 3 Victoiren um Kont.

Hei de komplett Communiqué vum Veräin!

RTL

© RTL