En Donneschdeg an der Mëttegstonn sinn zu Zürech an der Schwäiz d'Playoffs fir d'Weltmeeschterschaft 2026 an den USA, Mexiko a Kanada ausgeloust ginn.

12 Ekippen aus Europa hunn déi direkt Qualifikatioun fir d'WM 2026 gepackt. An de Playoffs kämpfen nach 16 Ekippen ëm véier Ticketen.

An de Playoffs vertruede sinn déi zwielef Gruppenzweet aus de Qualifikatiounsgruppen, wéi och véier Ekippen aus der Nations League. Als Gruppenzweet hu sech qualifizéiert: Albanien, Ukrain, Tschechien, Italien, Irland, Slowakei, Polen, Tierkei, Wales, Bosnien-Herzegowina, Kosovo an Dänemark. Aus der Nations League sinn nogeréckelt: Schweden, Rumänien, Nordirland an Nordmazedonien.

Bei der Auslousung en Donneschdeg an der Mëttegstonn goufe véier Gruppen ausgeloust.

Grupp 1
Halleffinall 1: Italien - Nordirland
Halleffinall 2: Wales - Bosnien-Herzegowina

Finall: Wales/Bosnien-Herzegowina - Italien/Nordirland

Grupp 2
Halleffinall 1: Ukrain - Schweden
Halleffinall 2: Polen - Albanien

Finall: Ukraine/Schweden - Polen/Albanien

Grupp 3
Halleffinall 1: Tierkei - Rumänien
Halleffinall 2: Slowakei - Kosovo

Finall: Slowakei/Kosovo - Tierkei/Rumänien

Grupp 4
Halleffinall 1: Dänemark - Nordmazedonien
Halleffinall 2: Tschechien - Irland

Finall: Tschechien/Irland - Dänemark/Nordmazedonien

Gespillt gëtt a Form vu Mini-Tournoie mat jeeweils véier Ekippen. Et gëtt keng Gruppematcher, mä d'Halleffinall an d'Finall ginn an engem Match decidéiert. Déi véier Gewënner vun den Tournoien dierfe sech iwwert de WM-Ticket freeën. D'Playoffs ginn tëscht dem 23. an dem 31. Mäerz 2026 gespillt.

WM 2026

D'Gruppe fir d'WM gi schonn de 5. Dezember zu Washington DC ausgeloust. Den éischte Match ass den 11. Juni 2026 a Mexiko an d'Finall ass den 19. Juli 2026 an den USA. Gespillt gëtt am Ganzen a 16 Stadien an den USA, Mexiko a Kanada. 48 Natioune wäerte mat dobäi sinn. Gespillt gëtt an enger éischter Phas an zwielef Gruppen opgedeelt op véier Ekippen, duerno geet et am K.O.-System virun.