Do wou Zaldote soss hir Exercicer an de Sport maachen, steet e Samschdeg alles am Zeeche vum Cyclocross.

Am Kader vum regionale Cross, dee vun der Arméi zesumme mat dem Veräin CT Toproad Réiserbann organiséiert gëtt, gëtt och déi 34. Editioun vun enger Militär-Weltmeeschterschaft am Vëlossport gefuer. No 2002, wou um Circuit Josy Mersch zu Zéisseng och schonn eng Cyclocross-Weltmeeschterschaft gefuer gouf,  ass dëst déi zweeten Editioun hei zu Lëtzebuerg. Speziell un de Courssen um Härebierg ass, datt déi nei Weltmeeschter am Kader vun engem regionale Cross gesicht ginn.

Bei der Elite huet d`Lëtzebuerger Arméi dräi Coureuren engagéiert. Ënnert hinne sinn d'Lëtzebuerger Sportzaldote Loïc Bettendorff an David Lang.

Dräi Kilometer laang ass de Parcours um Plateau vum Dikrecher Härebierg. E besteet zum gréissten Deel aus Wiss a Bëschweeër an dierft de Sportlerinnen a Sportler op Grond vun de Wiederkonditiounen aus de leschten Deeg souwuel physesch wéi och technesch villes ofverlaangen. D`Lëtzebuerger Arméi organiséiert dëse Cross zesumme mam Toproad Réiserbann zanter 2023.

"Vu que datt mir e Grënnungsmember vu Conseil International du Sport Militaire sinn an zanter der Weltmeeschterschaft am Cyclocross 2002 näischt méi organiséiert haten, hate mer d'Iddi, fir nees eng Kéier eppes ze maachen", seet de Responsabele vun der Organisatioun Dany Papi. "Mir hu virun zwee Joer mat eng regionale Cross ugefaangen, d`lescht Joer war et schonn e bësse méi grouss, an elo, am drëtte Joer, maache mir eng Militär Weltmeeschterschaft."

Cyclocross ass eng Disziplin déi besonnesch an eiser Ëmgéigend beléift ass. Esou kommen zum Beispill Militär Delegatiounen aus Frankräich, Holland, der Belsch, Däitschland oder och Slowenien op Lëtzebuerg, fir hei un den Depart ze goen. Déi lescht Wochen huet een e Parcours op d'Bee gestallt, dee sech am internationale Verglach net muss verstoppen.

"De Gros gëtt vun der Sportsektioun vun der Arméi gemaach, mir sinn zu véier Mann. Mir hu virun dräi Wochen ugefaangen, de Parcours opzeriichten an haten Hëllef vun e puer Zaldoten, sou wéi d'Zäit et zougelooss huet. Den Dag vun der Course sinn et eng 25 Leit vun der Arméi plus 25 Leit vun Toproad Réiserbann,déi dann eng Hand upaken."

E Cross um Terrain vun der Lëtzebuerger Arméi ass eppes Spezielles an dierft och e Samschdeg fir Spektakel suergen.

"Mir rechne schonn, datt e puer Leit méi komme wéi soss. Et ass ëmmer schéi fir all déi Leit, déi eemol an der Arméi waren, fir nees eng Kéier zréck bei eis ze kommen. Eppes, wat se soss net kënne maachen. Och vun der Zuel vun de Coureuren, déi sech ugemellt hunn, si mer op engem Punkt, wou mer nach ni waren."