Dës 42 Natiounen hu sech den Ticket fir d'WM 2026 scho geséchert
© AFP
No dëser Lännermatchpaus stinn 42 vun den 48 Länner fest, déi am Summer 2026 un der WM deelhuele wäerten.
D'Lëscht mat de Länner, déi un der WM 2026 deelhuelen, ass an der Nuecht op e Mëttwoch nees e Stéck méi grouss ginn. Nodeems sech an Europa déi lescht Natiounen den Ticket iwwert de Wee vun der Qualifikatioun geséchert hunn, ass et a Mëttelamerika zu op d'mannst enger Sensatioun komm. De klenge Karibikstaat Curaçao, mat nëmme ronn 150.000 Awunner, huet sech eng éischte Kéier fir eng WM-Endronn qualifizéiert. Dat selwecht gëllt och fir Panama an Haiti, fir déi et jeeweils réischt déi zweet Participatioun ass.
Europa
An der europäescher Qualifikatioun sinn déi 12 Gruppenéischt direkt fir d'WM qualifizéiert:
Grupp A: Däitschland
Grupp B: Schwäiz
Grupp C: Schottland
Grupp D: Frankräich
Grupp E: Spuenien
Grupp F: Portugal
Grupp G: Holland
Grupp H: Éisträich
Grupp I: Norwegen
Grupp J: Belsch
Grupp K: England
Grupp L: Kroatien
Déi véier aner europäesch Participante ginn tëscht dem 23. an dem 31. Mäerz 2026 an de Playoffs ermëttelt.
Playoffs: Ekippen, Modus an Auslousung
An de Playoffs spille 16 Ekippen a véier Mini-Tournoien ëm d'Qualifikatioun fir d'WM.
Déi 12 Gruppenzweet aus der Qualifikatioun si bei de Playoffs dobäi, an dann nach véier weider Länner opgrond vun hire Resultater an der Nations League.
Déi 12 Gruppenzweet:
Grupp A: Slowakei
Grupp B: Kosovo
Grupp C: Dänemark
Grupp D: Ukrain
Grupp E: Tierkei
Grupp F: Irland
Grupp G: Polen
Grupp H: Bosnien-Herzegowina
Grupp I: Italien
Grupp J: Wales
Grupp K: Albanien
Grupp L: Tschechien
Déi véier Noréckler aus der Nations League:
Rumänien
Schweden
Nordirland
Nordmazedonien
Enn Mäerz ginn deemno véier Mini-Tournoie mat jeeweils zwou Halleffinallen an enger Finall gespillt. Déi véier Ekippen, déi hir zwee Matcher gewannen, qualifizéiere sech fir d'WM, soudass um Enn 16 europäesch Länner mat dobäi sinn.
Déi genau Partien an Turnéierbeem vun de Playoffs ginn den 20. November zu Zürech ausgeloust.
Wien ass soss schonn alles qualifizéiert?
Och op den anere Kontinenter hunn eng ganz Partie Länner sech d'Participatioun un der WM am Summer 2026 scho geséchert.
Nord- a Mëttelamerika (6): Kanada, Mexiko, USA, Panama, Curaçao, Haiti
Südamerika (6): Argentinien, Brasilien, Ecuador, Kolumbien, Paraguay, Uruguay
Afrika (9): Ägypten, Algerien, Côte d'Ivoire, Ghana, Cap Vert, Marokko, Senegal, Südafrika, Tunesien
Asien (8): Iran, Japan, Jordanien, Katar, Saudi-Arabien, Südkorea, Usbekistan, Australien
Ozeanien (1): Neiséiland.
D'Gruppe fir d'WM gi schonn de 5. Dezember zu Washington DC ausgeloust. Den éischte Match ass den 11. Juni 2026 an d'Finall ass de 19. Juli 2026.