Urteel: Gëtt de WM-Titel 2008 elo viru Geriicht verhandelt?
© ILYAS TAYFUN SALCI / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP
De Felipe Massa ass iwwerzeegt: hie krut de WM-Titel 2008 geklaut. Elo huet ee Geriicht zu London decidéiert, dass seng Klo akzeptéiert gëtt.
Crashgate 2008: Wat ass deemools geschitt?
Et war de Grousse vu Präis vu Singapur 2008. De Fernando Alonso, deemools bei Renault ënnert Kontrakt, koum am 12. Tour op ee fréie Boxestopp. Zwou Ronnen drop dréint sech säin Teamkolleeg Nelson Piquet Jr a schléit an d’Mauer an. Et kënnt ee Safetycar, deen dem Alonso an d’Kaarte spillt. Beim Felipe Massa (Ferrari) geet beim Boxestopp iwwerdeems alles schif, hie fiert mam Tankschlauch zeréck op d’Streck. Um Enn gewënnt de Fernando Alonso dës Course, virum Nico Rosberg (Williams) a virum Lewis Hamilton (McLaren).
Um Enn vun der Saison kann de Lewis Hamilton säin éischte WM-Titel feieren, an dat mat engem Punkt Avance op de Felipe Massa.
Firwat gouf no engem Joer aus dësem Crash ee Skandal?
Am Summer 2009 gouf de Piquet Jr vu Renault virun d’Dier gesat, an deen hat näischt Besseres ze dinn, wéi bei d’FIA ze goen an ze klapen. Seng Renault-Cheffe Flavio Briatore a Pat Symonds hätten hien ugestallt, deen Accident express ze provozéieren, fir esou dem Fernando Alonso d’Victoire z’erméiglechen. Dës Geschicht ass wéi eng Bomm explodéiert. Renault huet zwee vu sengen Haaptsponsore verluer, an huet d’Häre Briatore a Symonds erausgehäit. D’FIA huet Renault disqualifizéiert, a Briatore/Symonds liewenslänglech gespaart. Déi éischt Strof gouf awer op Sursis ausgesat, déi zweet Strof no diversen Appeller fale gelooss.
Firwat huet et bis 2023 gedauert, bis aus dësem Skandal eng juristesch Affär gouf?
De Felipe Massa war vun Ufank un iwwerzeegt, dass hien de WM-Titel 2008 nëmmen duerch de Crashgate verluer huet. Hien huet gefuerdert, dass de Singapur-GP aus der Wäertung geholl gëtt. Ouni d’Singapur-Punkte wier den Hamilton nämlech net Weltmeeschter ginn, mee de Felipe Massa.
Mee dem Brasilianer hunn déi néideg Beweiser gefeelt, fir juristesch aktiv ze ginn. Dunn huet de Bernie Ecclestone, de fréieren F1-Chef, an engem Zeitungsinterview 2023 zouginn, dass hien an den deemolege FIA-President Max Mosley relativ fréi matkrit haten, dass beim Singapur-Accident eppes kromm gewiescht wier, mee si hätten näischt ënnerholl fir dem Sport net ze schueden.
Mat deem Interview als leschte Beweis, huet de Massa eng Plainte beim ieweschte Geriichtshaff gemaach. De Brasilianer wëllt de WM-Titel 2008 a Schuedenersatz fir déi finanziell Verloschter, well hien eben net Weltmeeschter gouf.
Elo gëtt et en éischten Urteel?
Bei deem Urteel geet et awer net ëm d’Saach u sech, mee nëmmen, ob d’Klo akzeptéiert gëtt. De Riichter vum Ieweschte Geriichtshaff vu London huet nëmmen doriwwer tranchéiert, ob dem Massa seng Chancë gutt genuch sinn, fir dës Affär am Detail ze verhandelen. Am Resumé: op d’mannst zum Deel däerf de Massa seng Plainte deposéieren.
© NELSON ALMEIDA / AFP
Riskéiert den Hamilton de WM-Titel 2008 ze verléieren?
Op den éischte Bléck gesäit dat esou aus, mee wann een d’Urteel am Detail liest, brauch de Lewis Hamilton seng WM-Coupe net hierzeginn. De Riichter mengt nämlech, dass et net méiglech ass, dat ze verhandelen. Am Urteel steet op d’mannst zweemol wuertwiertlech: "de sportlechen Ausgang vun der Weltmeeschterschaft 2008 kann net nei geschriwwe ginn". D’Geriicht wäert d’Decisioune vun der FIA net ufechte kënnen, zum Deel well d’FIA a Frankräich sëtzt an deemno franséische Gesetzer ënnerläit, sportlech Resultater souwisou net viru Geriicht verhandelt kënne ginn, a sech um Enn nach d’Fro vun der Verjärung stellt. D’FIA huet dëst Urteel op jidder Fall begréisst, well den Automobil-Weltverband gréisstendeels aus der Schosslinn geholl gouf.
Ëm wat wäert et da beim Prozess goen?
Éischtens ëm d’Éier. De Riichter schreift, dass een dem Felipe Massa net d’Méiglechkeet huele kann, nozeweisen, dass hien de verdéngte Weltmeeschter 2008 ass, an dass hie sech och esou der Ëffentlechkeet presentéiere kann. Vläicht wäert sech de Felipe Massa um Enn "F1-Weltmeeschter 2008 ouni Titel" op seng Visittekaart schreiwen däerfen.
An da geet et ëm ganz vill Suen. Da Felipe Massa freet iwwer 80 Milliounen Euro, an zwar well him Primme fir de Weltmeeschtertitel entgaange sinn, well hien an de Joren duerno keng besser Gage verhandele konnt, a well hien keng zousätzlech Sponsorskontrakter ënnerschreiwe konnt. Mee de Riichter ass net ganz optimistesch, dass de Massa mat där Klo am Haaptprozess duerchkomme wäert. Hie schreift: d’Suite wäert net onkomplizéiert ginn, an den Här Massa muss grouss Erausfuerderunge meeschtere fir ee kausalen Zesummenhang nozeweisen.
Am Kloertext: de Felipe Massa muss net nëmmen d’Faite vum Crashgate eendeiteg beweisen, mee e muss och beweisen, dass hien ouni dee Crashgate wierklech Weltmeeschter gi wier, an dass hien duerch de geklauten Titel wierklech Suen verluer huet.
De Riichter schätzt dem Massa seng Chancen zwar als relativ kleng an, mee grouss genuch fir d’Plainte trotzdeem zouzeloossen.