D'Formel 1 geet an déi decisiv Phas eran. Op deene nächsten 3 Weekender stinn déi 3 lescht Coursse vun der Saison um Programm.

Lass geet et lo mam Grousse Präis vu Las Vegas. Déi grouss Fro, déi sech an der Kinneksklass vum Automobilsport gestallt gëtt, ass, wie gëtt Weltmeeschter: Norris, Piastri oder awer nach Verstappen.

Virschau Grousse Präis vu Las Vegas / Reportage Franky Hippert

Et ass elo déi drëtte Kéier, datt um 6,2 Kilometer laange Circuit zu Las Vegas d'Course tëscht den Hotellen an hire Casinoen, an um legendäre Strip gefuer gëtt. Zejoert ass Mercedes mat George Russell a Lewis Hamilton richteg gutt am Nevada gaangen. Déi spillen an der Lutte ëm d'WM-Kroun awer keng Roll. Dräi Grand Prixe viru Schluss huet de Lando Norris un der Spëtzt vum Weltmeeschterschaftsklassement 24 Punkten Avance op säi McLaren-Equipier Oscar Piastri an  49 op de Max Verstappen op Red Bull. 83 Punkte kann e Pilot nach maximal kréien. Déi Zuele weise schonn eng Tendenz, dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl: 
 
De Lando Norris huet natierlech eng ganz kloer Optioun geholl op den Titel. An awer, de Max Verstappen huet e quasi frësche Motor hannen am Auto. Den Honda Motor ass en plus méi effizient op der Riichter wat d'Elektreschenergie ugeet. An hiren Auto ass extreem effizient. Dat sinn alles Saachen, déi dozou kënne féieren, dass de Max herno virun de McLaren kéint landen. Wann da beim McLaren och nach den Uerder ass, dass de Piastri virum Norris wär, oder nach méi schlëmm, dass nach een oder zwee Ferrari sech dertëschent quëtschen oder e Mercedes, wat och net onméiglech ass, da kann dat d’Championnat nach eng Kéier opfrëschen. 
 
D'lescht Saison ass wéi gesot Mercedes a Ferrari gutt zu Las Vegas gaangen, de Circuit an der Stad vun der Sënn huet net nëmmen eng speziell Form, ma och seng eege Charakteristiken.
 
Las Vegas, mat senger Schwéngcheform, ass relativ monoton, wat d'Kéieren ugeet. Et ass ganz villes, einfach 90 Grad Kéier, et brauch ee gudde mechanesche Gripp aus deene luese Kéieren eraus, an et brauch ee gudden Top Speed. Dat sinn u sech Charakteristiken, déi Ferrari am beschte sollte leien. Red Bull hänkt et e bëssen dovunner of, wéi knubbeleg d'Streck dëst Joer ass, well déi sech natierlech och ëmmer e bëssen entwéckelt, well et eng Stad ass, wou vill Verkéier do ass. Wa se knubbeleg ass, kënnt dat dem Red Bull manner entgéint. Et ass definitiv eng Streck, déi elo net onbedéngt McLaren hire Predilektiounsterrain ass an awer hu si en Auto, deen trotzdeem polyvalent ass an e bëssen iwwerall asetzbar ass
 
Nom desastréise leschte Grand Prix zu Sao Paulo a Brasilien ass de grousse Ferrari-Chef, den John Elkann, ferm ënner seng Pilote gefuer. Dat huet an de leschten Deeg natierlech fir vill Gespréichsstoff an der Formel-1-Welt gesuergt. Den Dominique Riefstahl, deen als fréieren Ingenieur bei Mercedes laang Jore mam Lewis Hamilton zesummegeschafft huet, deelt op jiddwer Fall net d'Analys vum Ferrari-President.
 
En huet gesot, Ferrari ass capabel Weltmeeschterhaft-Autoen ze bauen, e berout sech dobäi op d'WEC, also op d'Laangstreckemeeschtschaft, wou Ferrari Weltmeeschter ginn ass. E seet och, seng Mecanicien a seng Ingenieuren an der Formel 1 si weltmeeschterhaft an hire Capacitéiten, just d'Pilote wären net fäeg, alles aus dem Auto erauszehuelen, fir dat zum Ausdrock ze bréngen. Ech sinn där Meenung guer net, wann de Ferrari wierklech esou gutt wär, da géif en och ganz uewe stoen. Et gëtt guer keen Zweiwel drun, dass souwuel ee Lewis Hamilton wéi och e Charles Leclerc deen Auto op dat iewescht Träppche géife setzen, wann den Auto dat dran huet. 
 
Vläicht geet et fir d'Scuderia jo dëse Weekend nees besser, bei de Constructeuren ass Ferrari awer op jiddwer Fall op déi véierte Plaz zeréckgefall. Zejoert stoung de Russell op Mercedes zu Las Vegas ganz uewen um Podium, viru sengem deemolegen Equipier Hamilton an dem Carlos Sainz, deen do nach bei Ferrari gefuer ass. 
 
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg eiser Zäit si schonn déi zwee éischt Fräi Trainingen. Deen éischte Fräien Training ass um 01.30 Auer an den zweete Fräien Training um 5 Auer. Deen drëtte Fräien Training ass nees um 01.30 Auer an der Nuecht op e Samschdeg. D'Qualifikatioun ass e Samschdeg de Moien um 5 Auer an och d'Course e Sonndeg de Moie geet um 5 Auer lass. De Virprogramm op RTL ZWEE an op RTL Play fänkt um 04.30 Auer un.