Déifferdeng an den 1/8-Finalle géint Stroossen, Biissen géint Munneref
© Domingos Oliveira (Archiv)
D'FLF huet e Freideg d'1/8-Finalle vun der Coupe de Luxembourg geloust. Och d'1/4-Finalle vun der Coupe des Dames sti fest.
Coupe de Luxembourg
An den 1/8-Finalle vun der Coupe de Luxembourg kënnt et zu engem richtege Spëtzematch. Den Titelverdeedeger an aktuelle Leader aus dem nationale Championnat Déifferdeng kritt et virun den eegene Spectateure mat der UNA Stroossen ze dinn, déi aktuell den éischte Verfolger vum FCD03 ass. Weider Dueller tëscht zwou éischtklassegen Ekippe gëtt et mat de Matcher Biissen géint Munneref, Racing géint Kanech a Mamer géint Rouspert.
Fest steet, datt et op d'mannst een Zweetligist bis an d'1/4-Finalle packe wäert. Dat well mat Feelen a Steesel zwou Ekippen aus der Éierepromotioun openeentreffen. An de weidere Partië muss Rodange beim FC Luxembourg City untrieden a fir Nidderkuer geet et op Wolz.
De Géigner vun der US Hueschtert steet dogéint aktuell nach net fest. Nodeems sech d'Fola an der 3. Ronn eigentlech mat 4:2 géint d'Rëmeleng duerchgesat hat, war nom Match opgefall, datt dem Arbitter-Trio ee reegeltechnesche Feeler ënnerlaf war. Dës Partie muss also op engem bis elo onbekannten Datum frësch gespillt ginn.
Coupe des Dames
Bei den Damme goufen d'Dueller vun de 1/4-Finalle ausgeloust. Hei huet den FC Kielen, den eenzegen Zweetligist, deen nach iwwreg ass, mam FC Déifferdeng eng schwéier Aufgab viru sech. De Racing, aktuelle Leader aus dem Championnat, kritt et doheem mam Swift Hesper ze dinn. An den zwou weidere Partië spillt Jonglënster géint Mamer an den SC Ell géint Beetebuerg.