Tortour 2016Ralph Diseviscourt hat RAAM nach an de Been

No den 1.000 Kilometer an iwwer 40 Stonnen um Vëlo konnt de Lëtzebuerger säin Titel vum leschte Joer net verteidegen a gëtt de gudden Zweeten.

De leschte Weekend wollt den Ultracyclist Ralph Diseviscourt bei der Tortour an der Schwäiz säin Titel vum leschte Joer verdeedegen. Um Enn ass de Lëtzebuerger bei der 1.000 Kilometer laanger Vëloscourse als Zweeten iwwert d'Arrivée gefuer. D'Lynn Kayser huet beim Ralph Diseviscourt nogefrot, wéi et him während den iwwer 40 Stonnen am Suedel ergaangen ass. 

Tortour / Reportage Lynn Kayser

Virun 8 Wochen ass de Ralph Diseviscourt bei der Race Across America nach queesch duerch d'USA gefuer. 4.800 Kilometer um Stéck. Lo waren et der schonn nees 1.000. Während deene ville Stonnen an der Schwäiz um Vëlo huet de Lëtzebuerger awer misse feststellen, dass en d'Strapazen aus den USA nach net ganz verdaut hat. Zwee Méint Paus, fir déi nei Form opzebauen, ware vläit e bëssen optimistesch. Déi éischt 30 Stonne war et kee Problem, den normale Rhythmus ze fueren, ma dono war de Lëtzebuerger awer e bëssen um Enn mat senger Kraaft.

Nawell loung den Ultracyclist bis 100 Kilometer virun der Arrivée op der éischter Plaz. Dunn gouf hien awer béis iwwerrascht. Do koume 5 Koppe mat bis zu 20 Prozent Montée, dobäi huet et gereent. En ass Zickzack gefuer a wéi dat näischt ginn ass, huet de Ralph Disiviscourt de Rescht zu Fouss misste maachen.

Um Enn huet hien de spéidere Vainqueur Lionel Poggio misse fuere loossen, de Poggio war gutt preparéiert an hat e spezielle Vëlo fir deen Deel vun der Streck dobäi. Et war schwéier fir de Lëtzebuerger, säi Konkurrent zéien ze loossen, ma hie war sech awer séier kloer, datt hien net méi mathale kéint.

D'Tortour an der Schwäiz zielt och als Qualifikatioun fir d'Race Across America, well de Ralph Diseviscourt déi dëst Joer awer op Enn gefuer ass an den excellente Véierte gouf, ass hien op Liefzäite fir d'RAAM qualifizéiert. Ob en an Zukunft nach eng Kéier déi schwéier Course an Ugrëff hëlt, weess en elo nach net. Do muss villes, privates wéi beruffleches, nach ofgekläert ginn. Dobäi kommen nach d'Sponsoren an d'Logistik, déi ee fir esou eng Course brauch. Et kann ee sécher iwwer eng zweet Partizipatioun nodenken, och wann dat net d'nächst Joer muss sinn.

No de ganze Strapazen aus de leschte Méint geet et fir de Ralph Diseviscourt an nächster Zäit emol drëm, fir sech z'erhuelen.