Op der 5. an domat virleschter Etapp vun der Course a China goung et fir d'Coureuren iwwer knapp 166 Kilometer vun Yizhou op Nongla.

Um Ufank vun der Schlussmontée konnt de Paul Double sech mat zwee anere Coureuren vum Peloton ofsetzen. Kuerz virun der Arrivée huet de Britt sech dunn eleng op de Wee gemaach an d'Etapp esou mat enger Avance vun 9 Sekonne fir sech entscheet. Komplettéiert gouf de Podium vum Fransous Victor Lafay an dem Dän Mikkel Frølich Honoré (+0:11).

Och de Kevin Geniets an de Michel Ries si bei der Course mat dobäi. De Geniets huet sech bei der 5. Etapp als 67. klasséiert (+4:21), fir de Ries war et déi 93. Plaz (7:40).

Am General läit den Double virun der leschter Etapp um Sonndeg 15 Sekonnen a Féierung, dat virum Lafay (+0:15) an dem Ecuadorianer Jhonatan Narvaez (+0:16).

Hei läit de Kevin Geniets op der 65. Plaz (+4:32) an de Michel Ries ass den Ament de 85. (+7:52).

D'Top 10 vun der Etapp

1 Double Paul Team Jayco AlUla 3:41:38
2 Lafay Victor Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:09
3 Honoré Mikkel Frølich EF Education - EasyPost 0:11
4 Nordhagen Jørgen Team Visma | Lease a Bike ,,
5 Uijtdebroeks Cian Team Visma | Lease a Bike ,,
6 Narváez Jhonatan UAE Team Emirates - XRG ,,
7 Bonneu Kamiel Intermarché - Wanty 0:18
8 Zwiehoff Ben Red Bull - BORA - hansgrohe 0:19
9 Geoghegan Hart Tao Lidl - Trek ,,
10 Bilbao Pello Bahrain - Victorious ,,
...
67 Geniets Kevin Groupama - FDJ 4:21
93 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 7:40

De General no 5 Etappen

1 Double Paul Team Jayco AlUla 19:41:13
2 Lafay Victor Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:15
3 Narváez Jhonatan UAE Team Emirates - XRG 0:16
4 Honoré Mikkel Frølich EF Education - EasyPost 0:19
5 Nordhagen Jørgen Team Visma | Lease a Bike 0:23
6 Uijtdebroeks Cian Team Visma | Lease a Bike ,,
7 Bonneu Kamiel Intermarché - Wanty 0:30
8 Bilbao Pello Bahrain - Victorious 0:31
9 Zwiehoff Ben Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
10 Nerurkar Lukas EF Education - EasyPost ,,
...
65 Geniets Kevin Groupama - FDJ 4:32
85 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 7:52