E Samschdeg ass et op der 119. Editioun vum italieenesche Klassiker am Cyclissem vu Como op Bergamo gaangen.

No 241 Kilometer war et den Tadej Pogacar, deen en solitaire iwwert d'Arrivée gefuer ass a sech domadder d'Victoire geséchert huet. De Slowen war gutt 30 Kilometer viru Schluss vum Favorittegrupp an de Spëtzegrupp bäikomm a war fir déi lescht Kilometer da vu kengem méi ze stoppen. 1:48 Minutt duerno ass de Remco Evenepoel op déi zweet Plaz gefuer an de Podium komplettéiert huet mat engem Retard vun 3:14 Minutten de Michael Storer.

Fir den Tadej Pogacar ass et déi 50. Victoire a senger professioneller Karriär, déi hien en solitaire wanne konnt.

Den Arthur Kluckers ass d'Course net op en Enn gefuer. Am Ganzen hunn et 70 Coureuren net op d'Arrivée gepackt.

D'Klassement

1.POGAČAR Tadej 5:45:53
2. EVENEPOEL Remco 1:48
3. STORER Michael 3:14
4. SIMMONS Quinn 3:39
5. DEL TORO Isaac 4:16
6. PIDCOCK Thomas ,,
7. SEIXAS Paul ,,
8. BERNAL Egan ,,
9. VINE Jay 4:18
10. UIJTDEBROEKS Cian 4:30

DNF KLUCKERS Arthur