Den Italieener konnt sech am Sprint eng weider Kéier an de Palmarès vun der prestigiéiser Course androen. Et war déi 119. Editioun.

No den 211,6 Kilometer vu Chartres op Tours duerft sech de Matteo Trentin iwwer eng weider Victoire no 2015 an 2017 freeën. De Coureur vun der Ekipp Tudor konnt mat anere Verfollger op dem leschte Kilometer op d'Echappée opschléissen an hat am Sprint déi stäerkst Been. De Christophe Laporte an den Albert Philipsen musste sech mat de Plazen 2 an 3 zefridde ginn.

D'Fransouse Paul Lapeira an Thibaud Gruel konnte sech 36 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton ofsetzen. Hannendrun huet sech eng Véierergrupp ronderëm de Christophe Laporte, den Albert Philipsen, de Stefan Bissegger an de Matteo Trentin forméiert. Op de leschte Kilometer ass de Virsprong vun deenen Éischten ëmmer méi kleng ginn a kuerz virun der Arrivée hu si souguer op d'Verfollger gewaart, fir dass de Bissegger fir de Lapeira de Sprint lancéiere konnt. Dat sollt awer net déi néideg Reussite hunn.

Fir den Alex Kirsch war et déi lescht Course am Trikot vu Lidl-Trek. Déi nächst dräi Joer ass hie fir Cofidis ënnerwee. De Lëtzebuerger gouf bei dëser Course de 57. op 4'57''.

Klassement vun der Course

1 Trentin Matteo Tudor Pro Cycling Team 4:18:50
2 Laporte Christophe Team Visma | Lease a Bike ''
3 Withen Philipsen Albert Lidl - Trek ''
4 Lapeira Paul Decathlon AG2R La Mondiale Team ''
5 Gruel Thibaud Groupama - FDJ ''
6 Bissegger Stefan Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:03
7 Vacek Mathias  Lidl - Trek 0:19
8 Godon Dorian Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:23
9 Stuyven Jasper Lidl - Trek ''
10 Covi Alessandro  UAE Team Emirates - XRG ''.
...
57 Kirsch Alex Lidl-Trek 4:57