De Michel Ries an de Kevin Geniets schléissen den Tour mat de Plaze 54 a 66 of. Op der leschter Etapp gouf et nees eng Sprintvictoire fir de Paul Magnier.

De Paul Magnier huet bei der 6. Etapp vum Tour of Guangxi seng 5. Victoire gefeiert a sech domat och mat groussem Virsprong d'Sprintwäertung geséchert. De Paul Double koum an der selwechter Zäit wéi de Gewënner un an duerft sech iwwer d'Gesamtvictoire freeën. Mam Simon Guglielmi duerft sech e weidere Fransous freeën. De Coequipier vum Michel Ries krut de Biergtrikot.

Op der leschter Etapp ronderëm Nanning mussten d'Coureure fënnefmol eng Montée vun 11,5 Prozent bei Qinxjushan hannert sech bréngen. Dobäi gouf de Peloton ëmmer nees méi kleng.

E 50 Mann grousse Peloton koum zesummen op d'Arrivée, wou de Fransous Paul Magnier op en Neits déi séierst Been am Sprint hat. Hie gewënnt knapp virum Stanislaw Aniolkowski aus Polen an engem weidere Fransous Paul Penhoêt. De Michel Ries koum op der 134 Kilometer laanger Etapp als beschte Lëtzebuerger op Plaz 36 un, fënnef Plaze virum Gesamtgewënner Paul Double. De Kevin Geniets gouf 54. Si all koumen an der selwechter Zäit wéi de Magnier un.

Am Gesamtklassement huet de Paul Double seng Avance vu 15 Sekonnen op de Fransous Victor Lafay an den Ecuadorianer Jhonatan Narvaez (+ 0:16) behalen a gewënnt déi lescht Rondfaart am WorldTour-Kalenner. De Kevin Geniets schléilsst dësen Tour op Plaz 54 an de Michel Ries op PLaz 66 of.

Topp 10 vun der 6. Etapp

1 Magnier Paul Soudal Quick-Step 2:55:59
2 Aniołkowski Stanisław  Cofidis 0:00
3 Penhoët Paul Groupama - FDJ ''
4 Meeus Jordi Red Bull - BORA - hansgrohe ''
5 Oliveira Ivo UAE Team Emirates - XRG ''
6 Gautherat Pierre Decathlon AG2R La Mondiale Team ''
7 Pasqualon Andrea Bahrain - Victorious ''
8 Pickrell Riley Israel - Premier Tech ''
9 Nerurkar Lukas EF Education - EasyPost ''
10 Eddy Patrick Team Picnic PostNL ''
...
36 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels ''
54 Geniets Kevin Groupama - FDJ ''

D'Schlussklassement

1 Double Paul Team Jayco AlUla 22:37:12
2 Lafay Victor  Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:15
3 Narváez Jhonatan UAE Team Emirates - XRG 0:16
4 Honoré Mikkel Frølich EF Education - EasyPost 0:19
5 Nordhagen Jørgen Team Visma | Lease a Bike 0:23
6 Uijtdebroeks Cian Team Visma | Lease a Bike ''
7 Bonneu Kamiel Intermarché - Wanty 0:30
8 Bilbao Pello Bahrain - Victorious 0:31
9 Zwiehoff Ben Red Bull - BORA - hansgrohe ''
10 Nerurkar Lukas EF Education - EasyPost ''
...
54 Geniets Kevin Groupama - FDJ 4:32
66 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 7:52