"Grand Départ vum Tour de France ass eng Vitrinn fir d'Lëtzebuerger Land"
D'Regierung huet offiziell hir Kandidatur fir de Grand Départ 2028 agereecht. De Sportminister Georges Mischo weist sech optimistesch.
E Mëttwoch huet Lëtzebuerg seng Kandidatur offiziell agereecht, fir 2028 den Grand Départ vum Tour de France ze organiséieren. Am RTL-Interview huet de Sportminister Georges Mischo e Sonndeg den Owend erkläert, dass de Grand Départ eppes Enormes wier, "eng Vitrinn net nëmme fir de Vëlossport hei zu Lëtzebuerg, mä awer och fir d'Lëtzebuerger Land, fir den Tourismus hei zu Lëtzebuerg."
No 26 Joer wier et erëm eng Kéier u Lëtzebuerg. De Grand-Duché wier eng Natioun, déi immens passionéiert wier beim Vëlossport. Jiddereen hätt e Vëlo doheem, jidderee géing gäre Vëlo fueren an d'Begeeschterung fir den Tour wier ëmmer grouss, esou de Minister.
D’Kandidatur kënnt zu engem symboleschen Zäitpunkt: 2028 wieren et 100 Joer hier, zanter der zweeter Victoire vum Nicolas Frantz a 70 Joer nom Succès vum Charly Gaul. "Eise Storytelling ass richteg gutt", sou de Georges Mischo, deen och drop higewisen huet, datt d'Etappen och vu bekannte Lëtzebuerger Coureuren - dorënner de Kim Kirchen, d'Schleck-Bridder an den Tom Flammang - mat konzipéiert goufen.
Proposéiert huet een der Organisatioun vum Tour de France ronderëm de Christian Prudhomme dräi Etappen. Déi éischt Etapp ass e Contre-la-montre duerch d'Stad Lëtzebuerg. "Lass geet et um Glacis, mat der Ligne droite Richtung Kierchbierg, da fuere mer erof an d'Neiduerf, wou mer dann zréckkommen iwwer d'Montée vum Gronn erop op den Cents, déi mengen ech géif richteg wéidoen, an da komme mer erëm an d'Alstad zréck, wou mer laanscht e Palais, laanscht eng Gëlle Fra fueren, Richtung Glacis."
Déi zweet Etapp soll vum Zentrum aus an den Norde goen, iwwer de Westen zeréck an da mat Arrivée virun den Héichiewen zu Esch. Hei hätt ee probéiert, fir all kleng "Knaschtereien" eranzebréngen, fir eventuell Cassuren am Peloton ze provozéieren, esou de Georges Mischo.
An déi drëtt Etapp soll vun Iechternach op Schengen féieren - "e Symbol fir Europa", esou de Sportminister. Duerno hätt d'ASO dann d'Méiglechkeet, fir weider an Däitschland oder Frankräich ze fueren. Ob d'Etappe bei enger Zouso och esou gefuer ginn, dat bleift ofzewaarden.
Konkurrente géif et zwar ginn, Prag a Slowenien hätten Interessi gewisen, mee aktuell wier Lëtzebuerg dat eenzeg Land, dat seng Kandidatur fir 2028 offiziell agereecht hätt, sou nach de Sportminister.
De Sportminister weist sech zouversiichtlech: "Mir hu wierklech e ganz zolitten Dossier zesummegestallt. Mir brauchen eis net ze verstoppen. Mir stinn net schlecht do."
Iwwer de Budget gouf nach näischt Konkretes verroden, mee d'Organisatioun géif "an de Milliouneberäich" goen. D’Retombéeë wieren awer kloer, esou de Georges Mischo. Iwwer 1800 Better géifen eleng fir d'Organisatioun gebraucht ginn, ouni Press oder Touristen. Dat géif weisen, wéi grouss den ekonomeschen an touristeschen Impakt wier.
Eng Decisioun vun de Responsabele vum Tour de France gëtt Ufank 2026 erwaart.
Bis ewell hat Lëtzebuerg zweemol de Grand Départ vum Tour de France, dat an de Joren 1989 an 2002.