Jacques Navadic
Pionnéier vun Télé Luxembourg stierft am Alter vu 95 Joer

Den Navadic war ee vun de Pappe vun eisem Mammenhaus a stoung un der Wéi wéi RTL an d'Liewe geruff gouf.
De Journalist ass 1920 zu Lille gebuer a gouf 1955 Chefredakter vun Telé Luxembourg. Zesumme mam Robert Diligent huet den Navadic den éischten Journal op der Tëleeë presentéiert. Duerno war de Navadic Directeur de l'Info, fir duerno d'Programme vun RTL Télévision ze dirigéieren. 1976 war et hien, deen d'Marylène Bergmann engagéiert hat.
Zejoert war de Robert Diligent och zu Nice verscheet.
D'RTL-Famill seet op dëser Plaz engem grousse Mann Äddi a seet der Famill hiert häerzlecht Bäileed.
Am meeschte gelies