D'WHO huet en Dënschdeg Zuelen zu de Kriibsfäll an der Europäescher Union verëffentlecht a stellt dobäi nei Fuerderunge fir den Ëmgang mam Alkohol.

Am neie Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gëtt besonnesch den Alkohol als eng vun den Haaptursaache fir nei Kriibserkrankunge genannt. Deemno goufen eleng am Joer 2020 111.300 nei Fäll vu Kriibs vun der WHO an der EU enregistréiert, déi duerch Alkohol verursaacht goufen. Dovu si ronn 93.000 Mënschen un de Suitte gestuerwen.

Betraff vun dëser Erkrankung si mat 70 Prozent gréisstendeels Männer. Duerch den Alkohol wier et mat 36.900 Fäll am heefegsten zu Daarmkriibs komm. Op de Plazen zwee an dräi sti Broschtkriibs mat 24.200 Fäll a Kriibs am Mond (cavitée bucale) mat 12.400 Fäll.

Wéinst dëser grousser Zuel fuerdert d'WHO elo ënner anerem méi streng Richtlinnen, wéi e Verbuet fir Publicitéit, méi héich Taxen oder d'Eropsetze vum Mindestalter, fir Alkohol ze consomméieren. Dës Mesuren, déi vun internationalen Experten ënnersicht goufen, géife schonn hëllefen, d'Fäll preventiv e gutt Stéck ze reduzéieren.