Virsiichtegen Optimismus zu Lëtzebuerg, ma Froe bleiwen

© AFP
Kënnt et endlech zu engem nohaltege Fridden am Noen Osten? Wéi ginn déi rezent Entwécklungen zu Lëtzebuerg bewäert?
Datt an der Gaza-Sträif net méi gekämpft gëtt, freet esouwuel Vertrieder vum Comité pour une paix juste au proche orient, wéi och vun der liberaler jiddescher Communautéit vu Lëtzebuerg. Ma op béide Säiten ënnersträicht een awer och, datt, wat d'Zukunft ugeet, eng Partie Punkten nach net gekläert sinn. Sou geet zum Beispill dovunner rieds, datt eng international Stabiliséierungstrupp an d'Gaza-Sträif geschéckt soll gi fir de Fridden z'iwwerwaachen. Den David Weis, fréiere President vun der liberaler jiddescher Communautéit vu Lëtzebuerg, weess awer nach net, wéi déi zesummegesat kéint sinn.
"Ech mengen et ass ëmmer gutt, wann een Drëtten als Mediateur intervenéiert, wann der Zwee Sträit hunn, dat ass ganz sécher. D'Fro, wien dat ka maachen, wien net ze vill scho vu vireran ageholl ass, ass héich komplex. Och grad an dësem Fall, wou dacks binär geduecht gëtt."
Dacks gëtt eng Zwee-Staate-Léisung als déi beschten Optioun fir een nohaltege Fridde bezeechent. Dat gesäit den Henri Grün, Member vum Comité pour une paix juste au proche orient, och esou. Den 20-Punkte-Plang vum Donald Trump géing dofir awer just ganz begrenzt d'Viraussetzunge schafen.
"Also de Punkt 19, do gëtt dovunner geschwat, datt d'Palestinenser ee Recht op ee Staat hunn, dat ass positiv. Mee wéi dee Staat soll sinn, wou dee Staat soll sinn, vun de Grenzen, dovu gëtt net geschwat. A vum Vëlkerrecht gëtt och net geschwat an deem Dokument, mir wësse jo, datt den Trump der UNO net grad positiv géigeniwwer steet."
Hie géing dovunner ausgoen, datt et zu engem Konflikt tëscht dem Donald Trump an dem israeelesche Premierminister Benjamin Netanjahu op där enger, an deene Länner, déi Palästina als Staat unerkannt hunn, op där anerer Säit komme wäert. Dono gefrot, wat Lëtzebuerg maache kann, fir eppes zur friddlecher Entwécklung am Noen Osten bäizedroen, ass et dës Äntwert vum Henri Grün:
"Zu Lëtzebuerg ginn iwwert d'CSSF israeelesch Staatsobligatioune verkaaft. Fir d'éischt ass dat iwwert Irland geschitt, bis d'Iren aus politesche Grënn net méi wollten. Du koumen d'Israeelien domadder op Lëtzebuerg a mir finanzéieren, net mir, mee iwwert déi Bons gëtt den israeelesche Staatsbudget finanzéiert an och de Krich respektiv Annexiounspolitik."
Well och wann elo keng Bomme méi falen, wier de Problem net geléist, esoulaang déi israeelesch Regierung mat hirer Siidlungspolitik d'Schafe vun engem palestinensesche Staat hypothekéiere géing.
Den David Weis wëllt sech net weider dozou äusseren, wat Lëtzebuerg um internationalen Niveau maache kann. Hien hofft par Konter, datt déi rezent Entwécklungen am Noen Osten och ee positiven Effekt op dat gesellschaftlecht Klima am Grand- Duché wäerten hunn.
"An do ass ganz kloer d'Politik och gefrot, ze intervenéieren, eis Valeuren, eis Wäerter vum matenee Liewen an net just niefteneen, fir déi och ganz kloer bei jidderengem, sief et a menger Communautéit, wéi och an anere Communautéiten, ganz kloer ze verdeedegen. An net de Communautarisme gedeien ze loossen, wéi dat an anere Länner, a Frankräich, an der Belsch an der Tëschenzäit scho geschitt ass."
Doriwwer eraus misst d'Police déi néideg Moyene kréien, fir ze reagéieren, wann d'Potential vu Gefor an d'Luucht geet. Lëtzebuerg wier aktuell dat eenzegt Land an Europa, wou um jiddesche Feierdag Jom Kippur keng Beamte virun der Synagog present sinn. Dobäi wier den Antisemitismus zu Lëtzebuerg sou ausgepräägt wéi zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich net méi.
Do héiert ee raus, datt de Konflikt am Noen Osten, bei allem Optimismus, wuel nach esoubal net komplett gekläert wäert sinn, an och Lëtzebuerg nach eng Zäit beschäftege wäert.