Sidd Dir - an ass d'Land - prett am Fall vun enger grousser Kris?
E Mëttwoch de Moie war de Guy Bley, Haut-commissaire à la protection nationale eisen Invité an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert".
Déi Lëtzebuerger Gesellschaft soll jo duerch eng nei national Resilienzstrategie op all méiglech Zorte vu Geforen a Risike preparéiert a méi widderstandsfäeg ginn. Si mer dat scho villäicht, oder wat muss Ärer Meenung no geschéien, fir dass mer et ginn? Doriwwer hu mer en Dënschdeg de Moien an der Emissioun "Dir hutt d’Wuert" mat Iech geschwat, an den Haut-commissaire à la protection nationale, de Guy Bley war Live bei eis am Studio.
Lëtzebuerg wier ganz prett fir den Eeschtfall vun enger Kris vun där déi ganz Gesellschaft betraff wier. Et hätt een aus ville Krise geléiert a sech kënne preparéieren. Drénkwaasser a Stroum wären natierlech kruzial. A genee dorobber wier een theoretesch virbereet, seet de Guy Bley, wat misst ëmgesat ginn, wann et an deene Beräicher zu engem Blackout sollt kommen. Och d’Leit selwer wiere gefuerdert. Beispillsweis genuch Waasser doheem ze hunn. 2-3 Liter pro Kapp wiere sënnvoll, seet den Haut-commissaire.
"Mir kéinte vill vun de Japaner léieren", sot dann eng Nolauschterin. A Japan hätt all Ménage carrément en Noutfall-Rucksak, deen haaptsächlech am Fall vun engem Äerdbiewen eng Zort Iwwerliewens-Kit fir 2 Deeg géif duerstellen. D'Japaner hätten och en nationalen Noutfall-Dag fir Präventioun ze leeschten, an esou eppes géif et och zu Lëtzebuerg ginn. Präventioun an d’Bierger informéiere wier kruzial, seet de Guy Bley. Och e Radio dee mat Batterië funktionéiert, wann de Stroum ausfält, wier net schlecht doheem ze hunn.
E rezent Beispill wiere Portugal a Spuenien, wou Millioune Leit vun engem risege Stroumausfall betraff waren. Esou e Fall wier deemno keng Science Fiction. En aneren Nolauschterer wollt da wëssen, wéi ee virbereet ass, sollt jee eppes Schlëmmes zu Cattenom geschéien. Zanter 1986 géif et schonn en Noutfallplang ginn, dee reegelméisseg iwwerschafft gëtt, huet de Guy Bley verséchert.
Wat Iwwerschwemmungen ugeet, wier et esou, dass de Krise-Staf hautdesdaags scho vill méi fréi zesummekënnt, fir d’Wiedersituatioun ze analyséieren an noutfalls ze warnen. Fir all méigleche Krisenzeenario gëllt iwwerdeems den Internet-Sitte "infocrise.lu".