D'politescht Iwwerliewe vun der franséischer Regierung hänkt de Moment vun de Sozialisten of.

De Premierminister Sébastien Lecornu huet elo bei enger zentraler Fuerderung vun der Partei noginn an déi betrëfft déi geplangten an och ëmstridde Rentereform. Déi soll bis no de Presidentiellen 2027 respektiv bis Januar 2028 op Äis geluecht ginn. Dat sot de Lecornu a senger Regierungsdeklaratioun an der Assemblée en Dënschdeg de Mëtteg zu Paräis.

D'Pläng hate jo virgesinn, de Pensiounsantrëttsalter op 64 Joer ze hiewen.
 
Wéi de Lecornu sot, géif d'Aussetze vun de Reformen engen 3,5 Millioune Fransousen zegutt kommen. D'Käschten, fir de Rentesysteem ze droen, chiffréiere sech iwwernächst Joer op ronn 1,8 Milliarden Euro.
 
Op dës Manéier sollen d'Sozialiste mat an d'Boot geholl ginn, fir der fragiller neier Regierungsekipp hiert Vertrauen aus eschwätzen.
 
E Mëttwoch gëtt e Mësstrauensvott am Parlament. Souguer d'RN-Deputéiert wollte bei deem Vott mat der Gauche géint de Lecornu a seng Leit stëmmen. A wann dee Vott duerch géif goen, hätt de President Macron keen aneren Choix méi, wéi d'Assemblée opzeléisen an Neiwalen ze dekretéieren.
 
D'Pensiounsreformpläng goufen ouni Vott 2023 duerch d'Parlament bruecht an haten zu Masseprotester a ganz Frankräich gefouert.