Bouf vun 8 Joer aus Güstrow ass dout, Police geet vu Verbriechen aus

© AFP
Traureg Gewëssheet gëtt et zu Güstrow a Mecklenburg-Vorpommern: De Bouf vun 8 Joer, deen zanter e Freideg vermësst gouf, ass dout.
En Zeien huet d'Läich vum Kand en Dënschdeg um Virmëtteg an engem Bësch bei Klein Upahl, ronn 10 Kilometer vu Güstrow ewech, entdeckt, wéi d'Police an de Parquet vu Rostock matgedeelt hunn. Nom aktuelle Stand vun den Ermëttlunge wier "vun engem Friemverschëlden auszegoen". D'Hannergrënn sinn nach onkloer.
D'Police judiciaire huet déi weider Ermëttlungen iwwerholl, eng rechtsmedezinesch Identifizéierung steet nach aus, ma et géif keen Zweiwel dru bestoen, dass et sech bei der Läich ëm de vermësste Jong handelt. "D'Mamm vum Vermësste gouf informéiert a gëtt vu speziell geschoultem Personal betreit", sou d'Ermëttler, déi awer keng Detailer zum aktuellen Ermëttlungsstand oder der Aart vum Verbrieche verroden. Den Ament wier vun engem Gewaltverbriechen auszegoen.
D'Ministerpresidentin vu Mecklenburg-Vorpommern Manuela Schwesig (SPD) huet schockéiert op d'Nouvelle reagéiert: "Mäin Häerz ass bei senger Famill a jidderengem, deen hie gär hat." Si wënscht alle Betraffene "vill Kraaft an dëser onfaassbar schwéierer Zäit".
Vermësst gemellt gi war de Jong vun 8 Joer e Freideg am Nomëtteg. Hien hätt säin Doheem verlooss a wier net zu där Auerzäit zeréckkomm, déi ofgemaach war. Um Samschdeg du gouf eng grouss Sichaktioun lancéiert mat sëllegen Asazekippen, Sichhënn, Dronen an Helikopteren. Duerchsicht goufen nieft Bëscher och eidel Haiser, verloossen Industriegebidder a Gewässer an der Géigend. Parallel huet d'Police Awunner befrot a Kameraopnamen ausgewäert. Et gouf souguer en Hiwäis-Telefon ageriicht.
Wéi den Norddeutschen Rundfunk e Samschdeg gemellt hat, solle Sichhënn d'Spuer vum vermësste Kand bis bei d'Gare vu Güstrow verfollegt hunn an op der Gare zu Zehna nees opgeholl hunn. Do hätt sech d'Spuer awer verluer. Zehna läit nieft Klein Upahl.