Frae sexuell belästegt an iwwerfall, 90 Plainte gemaach
"Esou kann eng Police net schaffen": Den däitschen Innenminister huet d'Police vu Köln wéinst den Evenementer an der Silvesternuecht schaarf kritiséiert.
Et sinn Nouvellen aus Däitschland, déi schockéieren. Gruppe vu Männer attackéiere Frae sexuell, an aller Ëffentlechkeet an am grousse Stil. Geschitt ass dat an der Silvesternuecht am Zentrum vu Köln.
D'Police aus der Rhäin-Metropol schwätzt vu Sexualdelikter a massiver Form. Op Silvester hätte ronderëm den Hauptbahnhof, am Ganze sollen eng dausend Leit op der Plaz gewiescht sinn, vereenzelt Gruppe vu Männer Frae sexuell attackéiert. D'Autoritéite schwätze vu Männer vun nordafrikaneschem oder arabeschem Typ, déi d'Fraen agekesselt hätten, fir se ze beklauen an och unzepaken. D'Gréisst vun der Grupp variéiert, je no Zeienausso, tëscht zwou a sechs Persounen.
D’Oberbürgermeisterin vu Köln d’Henriette Reker huet iwwerdeems virun Amalgam gewarnt. Flüchtlingen hei mat an d’Diskussioun ze huelen, wier net korrekt. Iwwert Identitéit vun den Täter Silvester Owend gouf op der Pressekonferenz weider näischt gesot.
Den zoustännege Policechef schwätzt vun op d'mannst enger Vergewaltegung.
Am Ganze goufe bis elo 90 Plaintë gemaach. Dat ass de Stand um Dënschdeg de Mëtteg, um Dënschdeg de Moie waren et der eréischt 60.
D'Police vu Köln huet hir Enquête lancéiert, ënnert anerem soll Videomaterial vun Iwwerwaachungskameraen a vun Handyen ausgewäert ginn.
Um Mëttwoch koum dunn d'Meldung, datt d'Police dräi Verdächteger sollt ermëttelt hunn, verhaft gouf awer bis elo keen, sou den NRW Inneminister Ralf Jäger.
D'Politik ass no de Virfäll gréisstendeels entsat.
Déi nei Oberbürgermeisterin Henriette Reker schwätzt an der däitscher Press vun ongeheierlechen Evenementer. Et kéint net sinn, datt een zu Köln Angscht misst hu fir iwwerfall ze ginn, et däerft een net zouloossen, datt e rechtsfräie Raum entsteet. Ënner anerem huet d'Buergermeeschtesch eng verstäerkte Videoiwwerwaachung op der Gare, déi jo direkt beim Doum ass, an d'Spill bruecht. D'Henriette Reker huet iwwerdeems eng Krisereunioun aberuff.
Den däitsche Justizminister Heiko Maas schwätzt iwwerdeems vun execrabelen Attacken, déi net wäerten toleréiert ginn. D'Täter missten zur Rechenschaft gezu ginn.
D'Reaktioune vun den zoustännege Ministere vum Bundesland Nordrhein-Westfalen falen ähnlech aus.
D'Policegewerkschaft GdP schwätz vu Virfäll vun enger neier Qualitéit. Hei hätt een et mat engem organiséierte Virgoen ze dinn.
"Esou kann eng Police net schaffen": Den däitschen Inneminister huet d'Police vu Köln wéinst den Evenementer an der Silvesternuecht schaarf kritiséiert. Et kéint net sinn, datt fir d'éischt d'Plaz virun der Gare geraumt gëtt, well mat Knupperten openeen geschoss gëtt an duerno geschéien esou Saachen an d'Police waart op Plainten, esou den Thomas de Maizière an den Tagesthemen.
Et misst een sech froen, op d'Police do net versot hätt. Virun allem well et den Dag drop nach geheescht hätt, datt d'Nuecht friddlech verlaf wier. Elo wier de Rechtsstat gefuerdert, sou de CDU-Minister, deen awer och virun engem Generalverdacht géint Flüchtlinge gewarnt huet. Dat wier genee sou falsch wéi Tabuen bei der Opklärung.
Den Chef vun der däitscher Police-Gewerkschaft huet sech iwwerdeems virun d'Poliziste vu Köln gestallt: D'Zuel vun de Beamten wier einfach net duergaangen, fir d'Plaz virun der Gare op Dauer ze raumen, sou den Rainer Wendt um Mëttwoch de Moien. Et kéint een der Police kee Virworf maachen.
Dernieft misst een och dovunner ausgoen, datt et an dësem Kontext zu kenger Veruerteelung wäert kommen, esou de President vun der DPG. Et géing der Police einfach u Personal feelen, fir de Virwërf uerdentlech nogoen ze kënnen. An deem Kontext war et den Appell fir d'Video-Iwwerwaachung nach emol ze verstäerken. Op der anerer Säit dierft een awer elo net nees Flüchtlingen an Täter an een Dëppen werfen.
D'Buergermeeschtesch vu Köln Henriette Reker huet iwwerdeems mat Bléck op d'Fuesend déi lo geschwënn zu Köln hiren Héichpunkt areecht en Appel un d'Frae gemaach net jidderengem ëm den Hals ze falen. Sou eppes kéint emol als Offer falsch verstan ginn, sou d'Buergermeeschtesch am ZDF-Heute Journal. D'Aussoen goufen antëscht awer och schonns schaarf kritiséiert.
Fir Fuesent méi Police zu Köln
No den Iwwergrëff op Fraen op Silvester wëllen d'Autoritéiten zu Köln fir Fuesent ee méi grousse Sécherheetsdispositif en Place setzen. Zum Enge sollen d’Polizisten an Uniform an och am Zivil méi präsent sinn. Zum Anere gëtt eng Temporär Videosurveillance agesat, fir d’Situatioun och vun Uewen am Bléck ze hunn. An et envisagéiert een de bekannten Onéierlecher zum Deel ze verbidden, sech a verschiddene Beräicher opzehalen.
Net just zu Köln, mä och zu Stuttgart an zu Hamburg wieren sou Phänomener bekannt, op der Reeperbahn koum et notamment Silvester zu Tëschefäll.
D'Täter géife sech ofschwätzen an d'Mënschemass, d'Däischtert an den Iwwerraschungseffet ausnotzen, esou de Rainer Wendt géintiwwer däitsche Medien.
De Chef vun der Policegewerkschaft warnt iwwerdeems virun engem Impakt vun dëse Virfäll op d'Stëmmung an der Gesellschaft, wat d'Astellung géintiwwer Flüchtlingen ugeet.
Eng vun de ville Froen déi zu Köln nach ze kläre bleift ass déi, firwat datt d'Virfäll eréischt lo bekannt ginn, a firwat datt de Beamten op Silvester selwer näischt opgefall ass. D'Police war zur Zäit vun der Dot nämlech massiv ronderëm d'Gare präsent. Ma eréischt wéi an de leschten Deeg déi vill Plaintë gemaach goufen, ass den Autoritéite bewosst ginn, wat geschitt war. Am Police-Communiqué vun Neijoerschdag war nach rieds vun enger entspaanter Nuecht ...