De Mamdani huet versprach, d'Loyere vun de subventionéierte Wunnengen anzefréieren. Och sollen d'Busser méi effikass a gratis ginn.

Ween ass de Zohran Mamdani? E Reportage vum Céline Eischen

New York huet een neie Buergermeeschter: De 34 Joer jonken Zohran Mamdani, dee fir déi Demokratesch Partei mat an d'Course gaangen ass, gehéiert zum lénke Flillek vun der Partei an ass deen éischte muslimesche Buergermeeschter vun der gréisster Stad an den USA. De Zohran Mamdani ass am Verglach zu senge politesche Konkurrente relativ nei an der Politik a wäert wuel deene mannste virun de Wale bekannt gewiescht sinn. Et ass och ee Kandidat mat enger éischter ongewéinlecher Geschicht. Hien ass an Uganda vun indeschen Eltere gebuer, ass eréischt mat 7 Joer op New York geplënnert, an huet no senge Studien als Assistant social virun allem am Beräich vum Logement geschafft. Do war hie vill mat der Logementskris a besonnesch mat de Problemer vun deene Leit konfrontéiert, déi net esou vill verdéngen. Hien ass dofir och Deel vun den Demokratesche Sozialisten, also eben dem lénke Flillek vun der Demokratescher Partei. 2020 huet en dunn decidéiert, selwer an d'Politik ze goen: Hien ass an d’New York State Assembly gewielt ginn, also esou ze soen d’Parlament vun der Stad New York.

RTL

© AFP

Mat senger Presenz op de soziale Meiden huet hie vill Leit erreecht. Op der anerer Säit huet hien awer och vun de Skandaler vu senge politesche Géigner profitéiert. Zum enge gëtt dem aktuellen Nach-Buergermeeschter vun New York Eric Adams Korruptioun virgehäit, dowéinst ass dësen och selwer net méi als demokratesche Kandidat bei dëse Walen ugetrueden. Op der anerer Säit war de fréiere Gouverneur vun New York Andrew Cuomo och mat Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch konfrontéiert. Wéinst dëse Virwërf war de Cuomo 2021 vu sengem Posten als Gouverneur zeréckgetrueden. Hien huet och déi demokratesch Virwale géint de Mamdani verluer, ass awer als onofhängege Kandidat ugetrueden, an huet elo bei de Walen de Kierzere gezunn.

De Kär vum Mamdani senger Campagne ware ganz kloer d'Liewenskäschten. Vill Leit kënne mat mat hire Salairen net méi mathalen. De Mamdani huet versprach, d'Loyere vun de subventionéierte Wunnengen anzefréieren. Och sollen d'Busser méi effikass a gratis ginn. An d'Kannerbetreiung soll och allgemeng zougänglech gemaach ginn. Finanzéiere wëll de Mamdani dat ganzt mat méi héije Stéieren fir déi Räich.

De Mamdani huet sech awer mat senge Positiounen net just Frënn gemaach. Engersäits gëtt him vu senge politesche Konkurrenten ze wéineg Experienz virgehäit, dowéinst gouf och den Andrew Cuomo, dee jo wärend der Covid-Pandemie Gouverneur vum Staat New York war, vu villen aus dem politeschen Establishment a vu räiche Supporter, wéi dem fréiere Buergermeeschter Bloomberg an esou guer dem Elon Musk, ënnerstëtzt. Ma och de republikanesche President Trump huet sech fir de Cuomo ausgeschwat, obwuel dëse jo awer och een Demokrat ass. Apropos Trump. Dëse gëllt als ganz schaarfe Kritiker vum Mamdani. De President huet schonn annoncéiert, ëffentlech Gelder fir d'Stad New York op de Minimum wëllen ze reduzéieren. Wéinst dem Mamdani senge Kriticke vis-à-vis vum israeelesche Virgoen am Gazakrich huet den Trump hie "Judden-Haasser" genannt.

D’Wale goufe vu ville suivéiert, och d'Wielerbedeelegung war esou héich wéi zanter 1969 net méi. De Zohran Mamdani krut 51,4% vun de Stëmmen, an huet domat ee kloert Mandat kritt. A senger Ried um Walowend huet hie gesot, datt an dësen däischtere politeschen Zäiten New York d'Liicht wier. Dat war och eng direkt Ausso a Richtung Trump.