Presidentin Claudia Sheinbaum wärend ëffentlechem Optrëtt begrapscht
© AFP/Rodrigo Oropeza
Bei engem ëffentlechen Tuer duerch déi mexikanesch Haaptstad Mexico-City ass déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum vun engem Mann begrapscht ginn.
Wéi een op Videoen, déi an de soziale Reseauen zirkuléieren, ka gesinn, ass de Mann vun der Säit op d'Sheinbaum duergaangen, huet en Aarm ëm si geluecht a versicht, si ze kussen. Och huet en du probéiert, si vun hannen un de Brëscht unzepaken, ier e vun engem Sécherheetsmann fort gedréckt gouf. Wéi déi mexikanesch Zeitung "El Universal" mellt, gouf de Mann entretemps festgeholl, géint hie gëtt wéinst sexueller Belästegung a sexuellem Mëssbrauch ermëttelt. Zanter dem Virfall gëtt et iwwerdeems massiv Kritik un de fir d'Sécherheet vun der Presidentin zoustännegen Autoritéiten, well sech de Mann ouni Probleemer dem Claudia Sheinbaum rapprochéiere konnt.