Frankräich wëll d'Online-Plattform Shein bis op Weideres spären
© ISABELLE SOURIMENT / HANS LUCAS / HANS LUCAS VIA AFP
D'franséisch Regierung hätt eng Prozedur an d'Weeër geleet, fir den Online-Händler Shein bis op Weideres ze spären.
Dat huet de Büro vum franséische Premierminister Sébastien Lecornu e Mëttwochnomëtteg matgedeelt. Hannergrond ass de Fait, dass iwwer d'Plattform Sexpoppe verkaf goufen, déi ausgesi wéi Kanner. Nodeems dat bekannt gouf, hat Shein annoncéiert, dass een de Verkaf vun de Poppe gestoppt hätt. Dat war leschte Samschdeg.
Franséisch Kannerschutzorganisatiounen haten no der Annonce awer gesot, dass Shein géif léien. Déi ëmstridde Poppe wieren nach ëmmer op der Plattform ze kafen. Eng geschützt Internetverbindung géing duer goen, fir se a Frankräich liwweren ze loossen.
Elo huet sech de franséische Staat ageschalt. D'Plattform soll esou laang gespaart bleiwen, bis d'Bedreiwer sech un dat franséischt Recht halen, heescht et aus dem Staatsministère.