Kampf a Kontroll vu Stad Pokrovsk als e Schlësselmoment
De Rob Lee vum Foreign Policy Research Institute, huet Reuters géintiwwer erkläert, datt russesch Truppen am Joer 2025 méi séier virukomme wéi nach 2024.
Allerdéngs op manner strategesch relevante Gebidder. Grouss a wichteg Stied wiere kaum ënner russesch Kontroll komm.
Aktuell versicht déi russesch Arméi d’Stad Pokrovsk anzehuelen. Eng Uertschaft, déi net nëmme symbolesch wichteg ass, ma och strategesch.
Schonn zanter August 2024 probéiert Moskau, bis elo ouni Erfolleg, d’ukrainesch Arméi anzekesselen. Rezent konnt Russland Buedem gutt maachen, russesch Unitéiten hätten e groussen Deel vun der Stad ënner Kontroll, esou de Sécherheetsexpert, russesch Truppe wieren déif an d'Stad agedrongen.
D’ukrainesch Arméi hätt ëmmer méi logistesch Schwieregkeeten, beispillsweis fir hir Zaldote mat Material ze versuergen.
Sollt Russland tatsächlech Pokrovsk ënner hir Kontroll bréngen, wier dat ee vun de wéinege grousse Succèsen am Joer 2025, esou de Rob Lee.
Et wier schwéier, méi wéi 3 Méint am Viraus ze soen, wéi et am Krich virugeet. Fir den Ament wier awer kloer, dass Pokrovsk am Fokus vun der russescher Offensiv steet.