Automobilist stéisst zu Saint-Pierre-d'Oléron express Foussgänger un
D'Uertschaft Saint-Pierre-d'Orléan / © GUY CHRISTIAN / HEMIS.FR / HEMIS.FR / HEMIS VIA AFP
Am Weste vu Frankräich huet en Automobilist express Foussgänger an e Vëlosfuerer ugestouss.
Wéi de franséischen Inneminister Laurent Nuñez op X matdeelt, wieren zwou Persoune beim Tëschefall schwéier blesséiert ginn. De verdächtege Chauffer wier festgeholl ginn an d'Enquête géing lafen. Vun der Noriichtenagence AFP heescht et, dass de Mann bei senger Festnam "Allah ass grouss" geruff hätt. D'Motiv vun der Dot wier allerdéngs nach net kloer. Dem zoustännege Procureur Arnaud Laraize no wier den Antiterror-Parquet nach net ageschalt ginn.
Der franséischer Gendarmerie no wier et géint 8.45 Auer e Mëttwoch an der Gemeng Saint-Pierre-d'Oléron op enger Insel virun der franséischer Westküst zu e puer Accidenter komm. Dobäi hätt een Automobilist e puer Foussgänger an e Cyclist ugestouss.
Dem Buergermeeschter Thibault Brechkoff no hätt den Autosfuerer virsätzlech gehandelt. Am Ganze wieren néng Persoune blesséiert ginn. Alleguer d'Rettungsdéngschter waren am Asaz, fir d'Situatioun ze meeschteren. Et wier e Krisestaf ageriicht ginn an den Inneminister hätt annoncéiert, op d'Plaz ze kommen.