Liewenslaang Prisongsstrof fir Fleeger, dee Patienten ëmbruecht huet
© Shutterstock Hadrian
Vun 2023 bis 2024 huet e Fleeger op enger Intensivstatioun an engem Spidol zu Würselen zéng Patienten ëmbruecht.
E Mëttwoch huet d'Landgericht vun Oochen dee 44 Joer ale Mann wéinst zéng Fäll vu Mord a 27 Fäll vu versichtem Mord schëlleg geschwat an zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt.
Dem Parquet no hätt hie sengen Affer staark Berouegungsmëttel oder Medikamenter géint d'Péng gesprëtzt. Säin Zil wier et gewiescht, d'Patiente roueg ze stellen, fir dass hie wärend senger Nuetsschicht net géing gestéiert ginn a méiglechst wéineg Aarbecht hätt.
Seng fréier Mataarbechter haten de Verurteelten am Kader vu fréieren Enquêten als fachlech kompetent beschriwwen. Hien hat 2007 seng Ausbildung als Fleeger ofgeschloss an duerno op verschiddene Plaze geschafft. Zanter 2020 war hien an der Klinik zu Würselen ugestallt. Hie war am Summer 2024 festgeholl ginn.