Tëscht Bruch a Recken krute sech e Mëttwoch an der Mëttesstonn dräi Autoen ze paken, zwee Gefierer hu sech iwwerschloen.

Accident géint eng Auer tëscht Bruch a Recken. Dräi Autoe si bei engem Iwwerhuelmanöver net laanschtenee komm. D'Strooss ass gespaart an de Rettungshelikopter op der Plaz.

Ee vun den Autoen, wou eng Persoun dran ageklemmt war, hat Feier gefaangen, ma d'Passante konnten d'Gefier läschen, éier d'Pompjeeën op der Plaz waren. Et war schwiereg de Mann aus dem Gefier ze biergen, dowéinst huet d'Aktioun méi laang gedauert.

Nieft dem CIS vu Béiwen un der Atert war och hire First Responder op der Plaz, de Sauvetage vu Lëntgen, Ambulanze vu Mamer a Réiden an de Samu vun Ettelbréck mat der Air Rescue. D'Police vu Miersch huet d'Plaz ofgeséchert.

Accident tëscht Bruch a Recken
Onkommentéiert Biller.

Well d'Spurelag op der Plaz net eendeiteg war, sicht d'Police elo no Persounen, déi gesinn hunn, wéi den Accident geschitt ass oder déi Informatiounen zu den Autoe kënne ginn. D'Leit solle sech bei der Police vu Miersch ënnert dem 4997-9500 mellen.