E Méindeg am spéiden Nomëtteg gouf an der Route du Vin zu Schwéidsbeng an en Eefamilljenhaus agebrach.

Éischten Informatiounen no konnt sech e bis ewell onbekannten Täter iwwert eng Dier Zougang an d'Haus verschafen. Hei goufen e puer Raim duerchwullt.

E weideren Abroch gouf et méi spéit am Owend an eng Wunneng vun engem Appartementsgebai an der Rue Pierre Federspiel zu Stroossen. Hei ass en onbekannten Täter an d'Gebai erakomm an huet d'Wunneng duerchsicht. A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.

Preventiv Rotschléi iwwert de Schutz géint Abriecher kann een um Site vun der Police noliesen.