17 vun 23 Kandidate sinn nominéiert
                    © RTL
Domadder steet de Gros vun den CSV-Kandidaten am Süde fest. Hir Kollegen aus dem Rescht vum Land hate mer iech scho matgedeelt.
D'CSV huet hir virleefeg Lëschten fir d'Chamberwahlen an de 4 Bezierker elo komplett: Och am Süden goufen, RTL-Informatiounen no, en Donneschdeg den Owend vum Bezierk 17 vun 23 Kandidaten designéiert.
Nees mat dobäi sinn allemol déi aktuell 8 CSV-Süddeputéiert, mat do un der Spëtzt dem Parteipresident Marc Spautz an de fréiere Ministere Jean-Marie Halsdorf a Michel Wolter.
Sécher gesat als "Sortants" och d'Députés-Maires Gilles Roth, Felix Eischen a Laurent Zeimet grad wéi d'Députéiert Nancy Arendt an d'Sylvie Andrich-Duval.
Dann och, RTL-Informatiounen no, sécher op der CSV-Südlëscht: Den neien Escher Buergermeeschter Georges Mischo an den aktuellen jonken Escher Conseiller Christian Weis, grad wéi d'Suessemer Schäffen Nathalie Morgenthaler, d'Réiser Schäffen Marianne Pesch-Dondelinger an den Déifferdenger Schäffen Tom Ulveling.
Sécher gesat sinn, gutt informéierte Sourcen no, och den 51 Joer ale Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Habscht Serge Hoffmann an d'Diddelenger Conseillère Michèle Kayser-Wengler.
Als éischten Ersatz hannert dem Laurent Zeimet bei de Wahlen 2013 hat natierlech och d'aktuell Beetebuerger Schäffen a fréier Deputéiert Christine Doerner Usproch drop, fir mat op d'Lëscht geholl ze ginn - dat ass dann och de Fall. An och den zeréckgewielte Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina dierft mat op der Südlëscht dobäi sinn - op Nofro hinn, sot eis de Gemengepapp, datt hie senger Partei zur Dispositioun stéing, wann hie gefrot gëtt.
Interessant ass, dass déi 2 nei CSV-Buergermeeschtere vu Monnerech a Schëffleng, de Jeannot Fürpass an de Paul Weimerskirch NET am Oktober fir d'CSV an d'Chamberwahle ginn, well si allebéid dat selwer net wollten.
Och bis ewell nach net nominéiert ass jo ënner anerem déi aktuell Europadeputéiert Viviane Reding, wou jo nach net gewosst ass, ob si am Minett oder Zentrum kandidéiere wäert, an dat och e Freideg de Moien NET am RTL-Interview präziséiert huet, well si do op d'Decisioun vun der Wahlkommissioun vertraut.
Domat bleiwen, no der Reunioun vun der CSV-Süden en Donneschdeg den Owend, elo nach 6 CSV-Süd-Kandidaten iwwreg, déi den CSV-Weisenrot muss nominéieren. Déi komplett Lëschten aus alle 4 Bezierker ginn dann den 24. Mäerz um CSV-Konvent ofgeseent.
RTL-News: 16 vun 21 CSV-Kandidaten am Bezierk Zentrum nominéiert.
RTL-News: 5 vu 7 CSV-Kandidaten am Bezierk Osten nominéiert.
RTL-News: 7 vun 9 CSV-Kandidaten am Bezierk Norden nominéiert.