Um Mëttwoch de Moien hunn d'Ambulanzen dacks mussen uechter d'Land an den Asaz. Bei 6 Accidenter goufen et 6 liicht Blesséierter.

Um 7.14 Auer hat et zu Keel an der Näerzenger Strooss gerabbelt. 2 Motocycliste waren an den Accident involvéiert. 1 Persoun gouf liicht blesséiert. D'Ambulanz vun Diddeleng an den Asazzenter vu Keel waren op der Plaz.

Kuerz virun 8.30 Auer ass zu Monnerech an der Groussgaass eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Si gouf liicht blesséiert. D'Ambulanz vu Esch an den Asazzenter vu Monnerech waren am Asaz.

An der Lëpschter-Dellt sinn um 8.39 Auer 2 Autoen net laanschtenee komm. D'Ambulanz vun Dikrech an den Asazzenter vu Buerschent waren op d'Plaz geruff ginn. Och hei gouf eng Persoun liicht blesséiert.

Kuerz no 9 Auer dann sinn um Sennengerbierg en Auto an e Moto aneneegerannt. Den Asazzenter vun Nidderaanwen an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.

Géint 9.20 Auer huet et tëscht Méideng an Duelem geknuppt, wéi 2 Autoen kollidéiert sinn. Den Asazzenter vun Duelem an d'Ambulanz vu Beetebuerg goufe geruff. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.

Um 10 Auer huet et dunn zu Péiteng e Cyclist erwëscht. Hie gouf vun engem Auto mat ewechgeholl. 1 Persoun gouf liicht blesséiert an den Asazzenter vu Péiteng, grad wéi d'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng ware sur place.

Bei all dësen Accidenter war och d'Police op d'Plaz geruff ginn.