Kuerz no 6 Auer krute sech en Dënschdeg den Owend e puer Autoen op der A13 tëscht Helleng a Fréiseng ze paken. Dobäi goufen zwou Persoune blesséiert.

Zu Lamadeleine si kuerz virun 11 Auer och direkt méi Autoen net laanschtenee komm gewiescht. An zu Lëntgen krute sech zwee Autoen ze paken. A béide Fäll hunn d’Secouriste sech ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Beim Materialschued blouf et da kuerz virun 20 Auer zu Esch. Do gouf et an der Xavier Brasseur-Strooss e Kichebrand an enger Wunneng.

E Mëttwoch de Moie um kuerz viru 7 koum et dann nach eemol zu zwee Accidenter, dat op der A7 a Richtung Stad, op der Bretelle fir vun der A7 op d'A1.