E Méindeg géint 18.10 Auer koum et op der N15 zu engem déidlechen Accrochage tëscht enger Camionnette an engem Auto. Béid Gefierer hu Feier gefaangen.

Datt op der N15 eppes Schlëmmes geschitt wier, dovu konnt een ausgoen, wéi d'Strooss no engem Accident um Méindeg den Owend gespaart gouf. Séier huet et geheescht, et wier e ganz uergen Accident.

Wat d'Police dunn an der Nuecht op en Dënschdeg kuerz virun Hallefnuecht matgedeelt huet, war awer nach weesentlech méi grujeleg wéi gefaart: Beim Accident tëscht Heischent a Feelen wiere fënnef Leit ëm d'Liewe komm.

Accidenter, an deenen esou vill Leit op ee Coup hiert Liewe loossen, gëtt et der nëmme ganz seelen am Grand-Duché.

Éischten Informatiounen no, esou d'Police, wier et zu enger Frontalkollisioun tëscht enger Camionnette an engem Auto komm. Béid Gefierer sinn nom Schock komplett ausgebrannt. Den Accident war op dem Streckendeel tëscht engem Reitstall an enger Schwéngsziichterei, wou et och zwou Abuchtunge ginn.

Den éischten Ermëttlungen no, esou d'Police weider, sinn déi 5 Leit a béide Gefierer nach op der Plaz gestuerwen.

Diana Hoffmann live vun der Onglécksplaz (2.9.25 - 12 Auer)

Den Accident ass op enger riichter Stréck geschitt, knapp 2 Kilometer virun der Fuussekaul, wann een vu Feelen kënnt. RTL Informatiounen no ass en Auto an de Géigeverkéier geroden, an do frontal mat enger Camionnette kollidéiert. Wichteg awer ze soen, dass dës Informatiounen nach net vun offizieller Säit confirméiert sinn.

De Miess- an Erkennungsdéngscht war am Asaz an d'Streck war wéinst den Opraumaarbechten an der Enquête méi laang gespaart. Am Bulletin vum CGDIS war en Dënschdeg de Moien dann ze liesen, dass Secouristen aus der ganzer Géigend op der Plaz waren, dorënner déi vu Réiden, der Nordstad, Housen, der Stad, Lëntgen, Feelen, Wolz, Alebësch, Buerschent, Colmer-Bierg-Schieren, wéi och de Samu vun Ettelbréck an den Helikopter vun der Air Rescue. Och de Groupe de support psychologique war do.

Informatiounen iwwert d'Affer

Et ginn nach keng offiziell kommunizéiert Informatiounen. Ma et zirkuléieren scho Biller an de soziale Medien vun 3 jonke Männer vu Wolz, déi beim Accident ëm d'Liewe komm sinn. D'Camionnette, déi an den Accident verwéckelt war, war am Zerwiss vum Adapto Transportystem. Et si wuel de Chauffeur an eng Cliente, déi den Accident net iwwerlieft hunn.

Déidlechsten Accident zu Lëtzebuerg zanter 36 Joer
E Méindeg géint 18.10 Auer ass et op der N15 zu engem déidlechen Accrochage tëscht enger Camionnette an engem Auto komm.

Parquet beoptraagt Untersuchungsriichter mat Enquête

En Dënschdeg huet de Parquet en Untersuchungsriichter mat der Enquête befaasst. Et geet an der Haaptsaach drëms, d’Identitéit vun de 5 Affer ze etabléieren, déi an den zwee Gefierer verbrannt sinn. Duerfir ginn och DNA-Expertisen am Diddelenger LNS duerchgefouert. Iwwer d'Ëmstänn vum Accident sinn zu dësem Ament nach keng Aussoen ze maachen. Parquet a Police verweisen op d’Aarbechte vum Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police. RTL-Sourcen no wier eent vun de Gefierer op d’Géigespuer komm, fir do frontal an eng Camionnette ze knuppen, bei där et sech ëm e Gefier vum Adapto-Transport-Zerwiss soll gehandelt hunn.

HIWEIS: D'Biller an der Galerie kënnen erféieren.

Déidlech Accidenter mat villen Doudegen aus der Vergaangenheet

Enn Mäerz 1989 koum et op der Streck tëscht Alzeng an dem Schlammestee zu engem déidlechen Accident, och mat 5 Doudesaffer. E Gefier war beim Iwwerhuelen un d’Schleidere komm. Den Auto krut doropshin zwee Beem ze paken a war a Brand geroden. Fir déi 5 Leit am Auto koum all Hëllef ze spéit.

RTL

En Accident och mat 5 Doudesaffer gouf et den 28. August 1970, dat op der Streck tëscht Bruch a Sëll. Hei war géint 20.15 Auer en Auto mat belschen Immatrikulatiounsplacken an enger laanger Rietskéier vun der Strooss ofkomm an ass frontal an e Bam gerannt. Fir déi 5 Persounen am Auto sollt all Hëllef ze spéit kommen. Et huet sech heibäi ëm 5 Männer aus der selwechter portugisescher Famill gehandelt, dat am Alter tëscht 23 an 49 Joer. Si goufen alleguerten zu Sëll begruewen.

RTL

5 Portugiesen durch tragischen Verkehrsunfall bei Saeul ums Leben gekommen. / © Image by  Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 242/243 (01.09.1970)

An den Annale vun den déidlechsten Accidenter bleift den Accident vu Maartel-Roumecht, deen e Méindeg, den 21. August 1967 un der belsch-lëtzebuergescher Grenz geschitt ass, bei wäitem dee schlëmmsten.
E Camionschauffer, dee Flësseggas transportéiert huet, hat d’Kontroll verluer. D'Camion-Citerne ass op der Sauerbréck explodéiert an huet Haiser op béide Säite vun der Strooss zerstéiert.

Et ass den Autosaccident mat de meeschten Doudesaffer, dee jee am Land oder un der Grenz registréiert gouf: 22 Doudeger a 47 Blesséierter.

RTL

© RTL-Archiv