Fliger, deen eng GPS-Stéierung hat, war vu Lëtzebuerger Airline LuxAviation

© Photo by CHRISTIAN CHARISIUS / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
E Sonndeg war ee Vol vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen vun enger GPS-Stéierung betraff.
Wéi déi däitsch Zeitung Spiegel mellt, handelt et sech ëm ee Fliger vun der Lëtzebuerger Airline LuxAviation. Éischten Informatiounen no sinn d’GPS-Stéierungen duerch eng presuméiert russesch Attack provozéiert ginn.
D’Ursula von der Leyen sollt u sech just eng Stonn vu Warschau bis an déi bulgaresch Stad Poldiw fléien, fir do eng Waffefabrick mam Premier Rossen besichen ze goen. Um kuerze Vol mat engem Fliger vun der Lëtzebuerger Airline Luxaviation goufen et awer op emol esou Stéierungen, datt op aner Instrumenter a souguer Pabeierkaarten huet missen zeréckgegraff ginn. De Fliger huet dowéinst och eng Stonn méi laang missen an der Loft bleiwen, konnt awer du sécher landen.
Direkt goufen et natierlech Spekulatiounen, datt Russland hannert der Stéierung géif stiechen. An effektiv huet d’Pressespriecherin vun der EU-Kommissioun uginn, datt bulgaresch Autoritéite kloer Indicë fir eng russesch Amëschung hätten.
Esou GPS-Stéierunge sinn iwwregens net ongewéinlech: An der Géigend ronderëm dat Schwaarzt Mier kënnt et méi dacks zu gestéierte Signaler. Eng GPS-Stéierung kann zwar zu Schwieregkeete féieren, fir esou Fäll ginn et awer an alle Fligeren Alternativen, op déi kann zeréckgegraff ginn.
Bei senger Visitt zu Lëtzebuerg huet och den NATO-Generalsekretär Mark Rutte op de Virfall reagéiert: "Dat ass genee, firwat d'NATO hir Efforte géint Hybrid-, Cyber- an aner Attacken erhéicht. Mir hunn eis an esou Fäll op Mesurë gëeenegt, déi méi effikass sinn. Ech kann Iech versécheren, mir schaffen Dag an Nuecht, fir deem entgéintzewierken, et ze verhënneren an ze kucken, datt si et net nach eng Kéier maachen." De Kreml huet d'Reprochen iwwerdeems dementéiert.