Strofdote géint queer Mënsche sinn e Fakt zu Lëtzebuerg

© Quentin De Groeve / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
Dass Leit wéinst hirer sexueller Orientéierung oder hirer Gender-Identitéit Affer vun Diskriminatioun a Verbrieche ginn, ass och hei am Land eng Realitéit.
Dat beleeën Zuelen, déi d'Ministere Backes, Margue a Gloden publizéieren. Tëscht 2020 an 2023 goufen dem Centre pour l'Egalité de traitement 37 Fäll vun Diskriminatioun opgrond vun der sexueller Orientéierung gemellt, dat bei engen 950 traitéierten Dossieren am Ganzen.
D'Police behandelt d'Fäll vun Homophobie ënnert der Kategorie vun der "Diskriminéierung": Tëscht 2022 an zejoert goufe wéinst esou Faiten eng 180 Protokoller geschriwwen, woubäi d'Tendenz no uewe weist. Déi lescht fënnef Joer goufen um Niveau vun de Geriichter iwwerdeems 52 Condamnatioune wéinst Opruff zum Haass gesprach. Doriwwer eraus ginn et awer nach weider Dossieren an deenen d'Enquête nach leeft.
Déi rezent Diskussiounen, zum Beispill ëm d'Liesunge vun der Tatta Tom, hätten de Ministeren no dozou bäigedroen, e Klima ze schafen, dat d’Verbreede vun Haassriede mat zum Deel konkrete Gewaltopriff géint d'LGBTIQ+ Communautéit op d'mannst begënschtegt, wann net souguer promouvéiert hätt.
De Centre CIGALE huet dann och méi Consultatiounen an deem Kontext notéiert. D'Ministere liwweren dës Informatiounen an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.