Police
Festnam vu presuméiertem Abriecher an der Stad

© RTL Archiv
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf an der Rue Munster an der Stad en Abroch gemellt.
Eng Patrull vun der Police ass séier op d'Plaz gefuer a konnt e Verdächtegen an engem Etablissement festhuelen. Wéi et heescht hat de Mann och eng Partie geklaute Wäertgéigestänn dobäi. Bei Ermëttlunge koum dunn eraus, dass d'Persoun wuel och mat engem weideren Abroch an der Rue du Curé a Verbindung kéint stoen.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum den 2. September virun den Untersuchungsriichter. Géint de Mann gouf och e Mandat d'arrêt erlooss.
Am meeschte gelies