Educatiounsministère deelt mat
Marguerite Krier gëtt nei Schoulmédiateur

D'Marguerite Krier fänkt de 4. September u mat schaffen, dat deelt den Educatiounsministère mat.
Zanter 2003 schafft d'Marguerite Krier am Educatiounsministère. Si ersetzt vun en Donneschdeg un d'Lis de Pina, déi an d'Pensioun geet, um Poste vun der Mediateur.
De Poste vum Schoulmédiateur gouf 2018 geschaaft mam Zil, Elteren a Schüler ze ënnerstëtzen, déi e Problem mat enger Schoul oder mam Ministère hunn.
Am meeschte gelies