Ëmmer méi Kënschtler zéie sech vu Spotify zeréck – Wat stécht hannendrun?

© AFP/Archives/Lionel BONAVENTURE
Kritik um schweedesche CEO vun der Streamingplattform Daniel Ek gëtt et schonn zanter méi laangem.
Dat beispillsweis wéinst der deels immens gerénger Bezuelung fir d'Kënschtler, déi den Ek 2020 an engem Interview mat der Medienentreprise "Music Ally" als e Resultat vun ze wéineg Ustrengung vun de Museker verdeedegt huet. Kënschtler missten hautdesdaags eebe vill méi an och méi dacks Musek erausbréngen, fir Succès ze hunn, sou de Spotify-Chef, dee mat dësen Aussoen d'Roserei vu villen Artisten op sech gezunn huet.
Zejoert huet Spotify iwwerdeems decidéiert, fir Songs, déi manner wéi 1.000 Streams bannent engem Joer generéieren, iwwerhaapt net méi ze bezuelen.
Ma déi rezentst Kriticke riichte sech un dem Daniel Ek seng Aktivitéite baussent senger Funktioun als Spotify-CEO: 2021 hat hie mat senger Investment-Societéit "Prima Materia" iwwer 100 Milliounen Euro an d'KI-Entreprise "Helsing" investéiert, déi primär am Rëschtungssecteur aktiv ass. Am Juni dëst Joer huet hien dëst Investissement esouguer verduebelt.
Zu den éischte Kënschtler, déi nach dee selwechte Mount dorobber reagéiert hunn, gehéiert ënnert anerem déi US-amerikanesch Indie-Rockband "Deerhoof", déi hir komplett Diskographie vu Spotify erofgeholl huet. An engem Statement op der Social-Media-Plattform Instagram huet et vun der Band geheescht: "Mir wëllen net, datt eis Musek Mënschen ëmbréngt. Mir wëllen net, datt eise Succès mat KI-Kampf-Technologie ze dinn huet".
Eng weider Läschung vun der eegener Musek aus dem Katalog vum Streaming-Gigant, déi fir Opmierksamkeet gesuergt huet, war déi vun der australescher Psychedelic-Rockband "King Gizzard and the Lizard Wizard". "Spotify-CEO Daniel Ek investéiert Milliounen a KI-Militärdronen-Technologie. Mir hunn elo grad eis Musek vun der Plattform erofgeholl (...) Trefft eis op enger anerer Plattform", esou d'Band op Instagram.
Ma et sinn net just d'Bands, déi zu ëmmer méi decidéieren, Spotify de Réck ze dréinen: Och vill User hunn es genuch an äusseren op de soziale Reseauen hir Frustratioun iwwer d'Plattform, deels wéinst Präiserhéijungen op Abonnementer, deels wéinst der frowierdeger Remuneratioun fir d'Kënschtler, ma och wéinst den ugeschwaten ëmstriddene Geschäftsaktivitéite vum Daniel Ek.
Ob dës Boycott-Well awer e reellen Impakt op d'User-Zuelen huet, bleift ofzewaarden. Ëmmerhi konnt Spotify dës am zweete Quartal vun dësem Joer ëm 12% erhéijen. Dat ass eng Hausse vun 276 Milliounen Abonnenten.