Däitsch Banken hate Medien no Payementer a Milliardenhéicht gestoppt, well si hinnen dubiéis virkoumen. PayPal schwätzt hei vun engem Programméierfeeler.

Als éischt huet d’Nouvelle den Tour gemaach, datt d’Donnéeë vum PayPal-Clienten am Internet verkaaft géifen. Déi lescht Woch hunn däitsch Medien du gemellt, däitsch Banken hätten op hir eegen Initiativ all PayPal-Payementer gestoppt. Si hätte gemierkt, datt d'Prelevementer, déi vu Paypal komm sinn, net konnte richteg sinn an haten dowéinst all Payementer ënnerbrach.

Engem Spriecher fir PayPal no war Lëtzebuerg vun där Pann net betraff. Déi war op e Programméierfeeler bei engem Update zeréckzeféieren, dee fir Däitschland gemaach gouf. Dobäi wier e Stéck vum Code verluergaangen. Doduerch waren Transaktiounen net méi gepréift ginn, ier se un d'Banke weidergoungen, fir ofzebuchen.

De Gesamtbetrag vun de Payementer, déi net exekutéiert goufen, konnt de Spriecher net nennen. Et wiere manner ewéi fënnef Prozent vun den däitsche Clientë betraff gewiescht. Däitsch Medien haten allerdéngs gemellt, datt d'Banken aus Virsiicht Payementer a Milliardenhéicht gestoppt haten. PayPal, déi an Europa mat enger Lëtzebuerger Bankelizenz operéieren, seet, et wier een am gaangen, déi legitim Transaktiounen opzeschaffen. Op der Säit vum Client misst dat an e puer Deeg gepackt sinn. Fir d'Händler, bei deenen d'Clienten eppes kaaft hunn, kéint nach méi laang daueren, ma déi hätten eng Assurance, fir hir Suen ze kréien.

Datt dubiéis Prelevementer opgetaucht wieren, léich do drun, datt "kriminell Trittbrettfahrer" versicht hätte, vun der Programméierungspann ze profitéieren, fir Suen ofzezweigen. Do draus kann ee schlussfolgeren, datt et keen direkten Zesummenhang gëtt, mat de Clientsdonnéeën, déi anscheinend mat am Netz verkaaft géifen.

PayPal hat verséchert, et géif keen Indice, datt si en Dateleck hätten. De Clientë gëtt trotzdeem geroden, virsiichteg mat Mailen a Messagen ze sinn a Phishing-Tentativen ze mellen. Doriwwer eraus réit de Bezuelungsdéngscht senge Clienten, reegelméisseg hir Passwierder ze changéieren an Zwee-Facteur-Authentifikatioun auszewielen, also dee System auszewielen, wou een de Login an de PayPal-Kont muss iwwert eng zweet Applikatioun oder en SMS-Code konforméieren.